Anescht wéi e Mëttwoch geet et an deem Fall hei ëm ee Gesetz. E Mëttwoch gouf iwwer zwou Motioune gestëmmt, déi keen direkten Impakt hunn.
D'AfD, d'FDP an d'Bündnis Sarah Wagenknecht wëlle mat dofir stëmmen.
Uechter Däitschland si gëschter zéngdausende Leit géint déi Pläng op d'Strooss gaangen. Virun der CDU-Parteizentral waren eng 6.000 Leit, zu München 7.000. An zu Freiburg ënner anerem nach 11.000 Manifestanten. Dat sinn Zuelen, déi d'Police nennt.