Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Bishop Briggs - Good For Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D‘Unioun bleift vir, d‘Afd leet zou an d’SPD verléiert

Sondagen am Virfeld vun de Bundestagswalen

D‘Unioun bleift vir, d‘Afd leet zou an d’SPD verléiert

Déi aktuell Sonndesfro vum ZDF-Politbarometer weist kloer Tendenzen an der Parteielandschaft. D'Unioun bleift mat 30 Prozent déi stäerkst Kraaft, virun der AfD mat 21 Prozent déi an de leschten zwee Méint am ZDF-Politbarometer zougeluecht huet. Dono kommen déi Gréng mat 15 Prozent. Am November ware si bei 12 Prozent vun de Walintentiounen.

auto_stories

1 min

Friedrich Merz | © picture alliance / Chris Emil Janßen | Chris Emil Janssen
Foto: picture alliance / Chris Emil Janßen | Chris Emil Janssen

D’SPD ass zënter November an engem Ofwäertstrend an der Ëmfro a kënnt just nach op 14 Prozent (-2 Prozentpunkte par Rapport zu November).

Besonnesch prekär ass d'Situatioun fir d'FDP, d'Lénk a fir de BSW, déi all mat jeeweils 4 Prozent vun de Walintentiounen ëm d‘Entrée an de Bundestag fäerte mussen.

An Däitschland sinn den 23. Februar Neiwale well d’Regierungskoalitioun aus SPD, déi Gréng an FDP ausernee gebrach ass.