348 Deputéiert waren et schlussendlech, déi fir d’Motioun vun der Unioun fir eng méi strikt Migratiounspolitik gestëmmt hunn. Dräi manner, 345 also, waren dogéint. 10 Deputéiert hu sech enthalen.
Nom Vott am Bundestag gouf virun allem op enger Säit vum Plenum haart geklappt. Do nämlech, wou d’AfD sëtzt. Déi éischt gemeinsam Ofstëmmung vun der AfD mat enger demokratescher Partei, dat wier ene historesche Moment, sot de parlamentaresche Geschäftsféierer vun der AfD, de Bernd Baumann. Een, fir deen hien dem Friedrich Merz Merci sot.
Plang vum Friedrich Merz huet der AfD d'Dier opgemaach
Den CDU-Chef a Kanzlerkandidat Merz hat mat senger Propos, engem 5-Punkte-Plang fir eng méi streng Migratiounspolitik, der AfD d’Dier opgemaach, a souguer oppe gesot, et wier him gläich, wie mat him fir seng Motioun géif stëmmen.
Dofir hat de Kanzler Olaf Scholz scho virum Vott den Oppositiounschef hefteg kritiséiert.
"Sie nehmen die Unterstützung der AfD für Ihre rechtswidrigen Vorschläge offen in Kauf. Das ist ein schwerer Fehler, das ist ein unverzeihlicher Fehler."
Fir d’Regierungsparteien SPD a B90/Die Grünen stoung eng Grondsazfro am Raum: Wann CDU an CSU bei esou engem wichtegen Thema net zécken, mat der AfD zesummenzeschaffen – wat hält si dann dovun of, och doriwwer eraus mat enger Partei ze kooperéieren, déi vum Verfassungsschutz als deelweis rietsextrem agestuuft gëtt?
Christian Lindner: "De Problem ass et net, datt d'AfD dofir gestëmmt huet"
Nieft de Stëmme vun der AfD krut d’Unioun bei hirer Propos och Stëmme vun der liberaler FDP. Hire Chef Christian Lindner sot, de Problem wier net deen, datt d‘AfD fir d‘Motioun gestëmmt huet.
"Das Problem ist, dass Sozialdemokraten und Grüne es nicht tun."
D’Migratioun war no der déidlecher Messerattack lescht Woch am bayreschen Aschaffenburg nees Theema ginn. Och d’lescht Joer gouf et eng Réi déidlech Attacken - zu Mannheim, Solingen a Magdeburg - déi grouss Debatten iwwer d’Zukunft vun der däitscher Asylpolitik ausgeléist haten. Ënnert dem Friedrich Merz huet d’Unioun iwwer déi lescht Méint ëmmer méi strikt Konsequenze gefuerdert.
Merz: Wann esou eng Majoritéit entstanen ass, bedaueren ech dat
Wéi no hien dobäi un d’AfD geréckelt ass, huet um Mëttwoch e Saz vun där hier Cheffin Alice Weidel gewisen. De 5-Punkte-Plang, iwwer deen ofgestëmmt ginn ass, hätt d’Unioun jo carrement vun der AfD kopéiert, sot si.
Nom Vott huet de Friedrich Merz widderholl, wat hie scho virdru gesot hat: Hien géif keng Majoritéit baussent der demokratescher Mëtt sichen.
"Wenn es hier heute eine solche Mehrheit gegeben hat, dann bedauere ich das."
Vott huet ee besonneschen Nogoût
De Vott gëllt elo schonn an Däitschland als Tabubroch. Nach huet d’Motioun awer keen direkten Impakt. Si ass just eng Opfuerderung un d’Regierung, sech dem Theema unzehuelen – wat ronn dräi Woche virun de Neiwalen en éischter symboleschen Akt ass.
Dat ka scho muer awer ganz anescht sinn: Da soll de Bundestag nämlech iwwer eng Gesetzespropos vun der Unioun ofstëmmen, mat där ënnert anerem de sougenannte Familiennachzug vu Refugiéë mat subsidiärem Schutz ofgeschaaft sollt ginn. Och do wëll d’AfD zesumme mat der Unioun ofstëmmen.
Datt d’Unioun d’Ënnerstëtzung vun der AfD toleréiert huet, hat de selwechten Dag nach e besonneschen Nogoût: Virun der Sessioun vum Parlament gouf an enger Gedenkstonn am Bundestag nämlech der Befreiung vum Konzentratiounslager Auschwitz geduecht.