D'Aktivisten hunn an den Tribünen Damp-Granate lassgelooss, an et hätt och Ausernanersetzunge mat anere Spectateure ginn, esou déi franséisch Zeitung Le Figaro. De Concert hätt missten ënnerbrach ginn. D‘Aktiviste wieren aus dem Sall evakuéiert ginn, d‘Paräisser Philharmonie sot, si géif eng Plainte maachen.
Den Owend virdru war et och schonn zu Köln bei engem Concert vum selwechten Orchester an Dirigent zu änleche Protester komm. Zwee Aktiviste wären do vu Polizisten aus dem Sall vun der Kölner Philharmonie bruecht ginn, sou de Westdeutscher Rundfunk. D‘Aktiviste geheien Israel e Genozid an der Gazasträif vir.
E Concert vun demselwechten israeelesche philharmoneschen Orchester ass iwwermuer Sonndeg och zu Lëtzebuerg an der Philharmonie um Kierchbierg geplangt.