arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 70 Joer ESC: Politesch Debatte begleeden de gréisste Museksconcours schonn ëmmer

Eurovision Song Contest

|
reading time

3 min

headphones

5 min

play_arrow

70 Joer ESC: Politesch Debatte begleeden de gréisste Museksconcours schonn ëmmer

Zënter 1956 bréngt de Grand Prix Eurovision de la chanson, wéi en deemools nach geheescht huet, eng sëllege Länner, Museker a Millioune Spectateuren zesummen. Mol glamouréis, mol skurril, an och ëmmer erëm ëmstridden. A mattendran: Lëtzebuerg mat scho fënnef Victoiren.

reading time

3 min

headphones

5 min

play_arrow
© EPA/HANNIBAL HANSCHKE
(Foto: EPA/HANNIBAL HANSCHKE)

France Gall, Vicky Leandros, Corinne Hermès. An der Geschicht vun der Eurovisioun kënnt ee wuel net laanscht dës grouss Nimm. Si all hu fir Lëtzebuerg gewonnen an de Grand-Duché zu enger vun den erfollegräichsten ESC-Natioune gemaach.

Mat de fënnef Victoirë präägt Lëtzebuerg virun allem an de 60er, 70er an 80er Joren de Concours mat. Vill vun de Kënschtler kommen dobäi net direkt aus Lëtzebuerg. Scho fréi huet de Grand-Duché op international Kooperatiounen a méisproocheg Bäiträg gesat. Eppes, wat haut beim ESC quasi selbstverständlech ass.

Am Ufank vill méi kleng

1950, matten an der Nokrichszäit, entsteet en Zesummeschloss vun europäesche Radiosenderen. Lues a lues wiisst och d’Iddi vun engem gemeinsame Museksevent.

1956 fënnt den éischte Grand Prix eurovision de la chanson statt. Zu Lugano an der Schwäiz maache grad grad mol siwe Länner mat. Mat der Zäit gëtt d’Show ëmmer méi grouss, méi international an digital. Si entwéckelt sech vun enger Virstellung mat deemools nach engem live Orchester zu enger Telesshow mat vill Glamour a Glitzer.

Och wann de meeschte Sänger den erwënschte groussen Duerchbroch mam ESC wuel net gelongen ass, haten dach awer e puer bekannt Nimm hiren internationalen Debut duerch d’Eurovisioun: vun ABBA bis hin zu Maneskin, Céline Dion, Lordi, Johnny Logan oder Loreen. 

Lëtzebuerg huet vun 1993 bis 2024 net méi matgemaach. Aus Manktem un Interessi, an aus finanzielle Grënn wéi et an den 90er geheescht huet.

Och wärend der Lëtzebuerger Absence um ESC iwwerdréit de Radio 100,7 d’Event live, sou wéi hei am Joer 2004, moderéiert vum Sophie Morang a Claude Mangen. 

12. Mee 2023: Annonce vum Retour vum Grand-Duché

Am Regierungsrot gouf decidéiert, datt Lëtzebuerg vun 2024 nees matmécht. Eng dreiwend Kraaft hanner där Decisioun war den deemolegen DP-Premierminister Xavier Bettel.

"Et war sécher fir Lëtzebuerg, mee et war och eppes, wat mer um Häerz louch, mee et war elo kee perséinleche Projet oder esou eppes, mee et ass eppes, wat mer um Häerz louch, well ech einfach geduecht hunn, do verpasse mer eng Opportunitéit a fir eng gewësse Visibilitéit oder fir enger Kulturzeen och eng Tribün ze ginn."

Séier wier ee sech deemools och mat RTL als eenzeg Tëlee hei am Land eens ginn, esou nach de Xavier Bettel.

"Ech weess, datt d'Oppositioun net begeeschtert war, also d'CSV vun deemools. Mee an de Koalitiounsverhandlunge waren dat elo keng Gespréicher, fir ze wëssen, ob mer géife weidermaachen oder net. Dat war elo net e Sujet vu laangen Diskussiounen."

Politesch Debatte stoungen nach ëmmer um Ordre du jour

Zënter lo 3 Joer gëtt den ESC ëmmer méi vu Kritik wéinst der israeelescher Participatioun ageholl. Och wann d’Eurovisioun vun den Organisateuren ëmmer nees als onpolitescht Museksevenement deklaréiert gëtt: politesch Debatten hunn de Concours eigentlech schonn ëmmer begleet.

1974 gouf dat portugisescht Lidd “E Depois do Adeus” als eng Zort geheimt Signal fir de Lancement vun der Nelkerevolutioun genotzt.

2009 ass Georgien zeréckgetrueden, nodeems d’EBU d’Lidd “We don’t wanna Put In” vun der EBU als ze politesch an als Referenz un de Wladimir Putin agestuuft gouf.

2012 huet Armenien den ESC boykottéiert, wéinst den ugespaanten diplomatesche Relatioune mam Aserbaidschan.

2013 ass d’Tierkei zeréckgetrueden, wéinst Kritik um Voting-System, an un der LGBTQ-Visibilitéit um Concours. Fir nëmmen e puer Beispiller ze nennen. 

Haut ass den Eurovision Song Contest wuel méi wéi ee klassesche Museksconcours. Et ass ee Live-Event, eng Fernseeshow an eng Zort Social-Media-Phenomen gläichzäiteg. A vergaangen an aktuell Debatte weisen: de Concours ass bal eng Zort Spigel vu gesellschaftlechen a politeschen Entwécklungen an Europa.

play_arrow Lauschteren