arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Poopst Leo rifft fir Chrëschtdag zu enger weltwäiter Wafferou op

Vatikan

|
headphones

1 min

Poopst Leo rifft fir Chrëschtdag zu enger weltwäiter Wafferou op

De Poopst Leo wäert muer op Chrëschtdag seng éischt Chrëschtdagsmass am Péitersdoum halen. Do virdrun huet de Poopst schonn e weltwäiten Appell fir Fridde gemaach.

headphones

1 min

© EPA/VATICAN MEDIA
(Foto: EPA/VATICAN MEDIA )

Hien huet fir Chrëschtdag zu enger weltwäiter Wafferou opgeruff, wärend déi russesch Attacken op d‘Ukrain viruginn.

Chrëschtdag gëtt dëst Joer och nees zu Betlehem gefeiert. Dat war déi lescht zwee Joer wéinst den israeeleschen Attacken an der Gazasträif net méi de Fall.

Elo gouf zu Betlehem nees e grousse Chrëschtbam opgeriicht.