arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Police sicht no Zeien: Jugendleche liewensgeféierlech vun Auto ugestouss

Zeienopruff vun der Police

|
reading time

1 min

Police sicht no Zeien: Jugendleche liewensgeféierlech vun Auto ugestouss

D'Police huet en Zeienopruff lancéiert. Um 3:30 Auer koum et tëschent Schëffleng a Keel zu engem Accident. En Auto huet do eng Persoun ze pake kritt, déi liewensgeféierlech blesséiert gouf. De Chauffeur ass dorops hi geflücht.

reading time

1 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Et huet sech erausgestallt, datt zwee Jonker zu Fouss ënnerwee waren. Kuerz virun der Entrée vu Keel huet en Automobilist, dee vu Schëffleng koum, ee vun deene Jonken erfaasst. De Chauffer huet sech dann duerch d'Bascht gemaach a Richtung Keel.

D'Police schreift an engem Communiqué, datt et sech beim Auto warscheinlech ëm en Auto vun der Mark Hyundai Modell i10 handelt. Den Auto huet warscheinlech eng hellgréng Faarf.

D'Police geet dovunner aus, datt den Auto op der Bäifuerersäit getéitscht gouf.