Bei de Foraine fält de Bilan vum éischte Weekend Schueberfouer positiv aus. Et hu vill Leit de Wee op de Glacis fonnt. Domat hätt een awer och gerechent, mengt de Charel Hary, President vun der Federatioun vun de Forainen FNCF.
"D’Kiermesse virdru waren och gutt besicht. An et gëtt jo och nees vill gebueden."
Stad Lëtzebuerg freet keng "extreem héich" Präisser
An awer kommen all Joers déi selwecht Diskussiounen op: Ass d’Fouer ze deier oder net? Wann een d’Foraine freet, dann net. Fir si sinn d’Präisser nach an engem vertrietbare Beräich.
Allerdéngs stinn dëst Joer och d’Käschte fir d’Foraine selwer am Vierdergrond. Déi wieren awer bliwwen, wéi se och schonn an de leschte Jore waren, seet de Charel Hary.
"D’Stad Lëtzebuerg ass gutt drop gesat. Si sinn net déi, déi extreem héich Präisser wëllen hunn. Et soll jo esou sinn, datt jidderee sech et ka leeschten."
Méi Standgeld an Zukunft?
D’Standgeld ass op 2.250 Euro plafonéiert. Dobäi kënnt nach e Sécherheetszouschlag a Käschte fir de Gasuschloss, wann et sech ëm eng Restauratioun handelt.
Dem Paperjam no huet d’Stad Lëtzebuerg 2023 1 Millioun Euro Verloscht mat der Fouer gemaach. Datt d’Forainen awer elo méi Standgeld bezuele missten, dat stéing net zur Diskussioun.
Ginn et geschwë vegan Gromperekichelcher?
Rezent Kritik ass et ginn, well een op der Fouer extreem wéineg vegan Iessensoptioune fënnt. D’Stater Gemeng huet an deem Kader op d’Responsabilitéit vun de Foraine verwisen.
"Mir schaffen drun. Mir sinn eis dat bewosst. Mir probéieren all méigleches ze maachen, wat machbar ass."
All Betrib wier dofir gefuerdert, sech nei ze erfannen, seet de President vun der FNCF. D’nächst Joer sollen et vegan Gromperekichelcher ginn.
Sécherheet op engem héijen Niveau
D’Spiller op der Fouer sinn och dëst Joer nees méi divers ginn. D’Technologie spillt dobäi eng grouss Roll. An engem Spill kritt ee souguer e VR-Brëll opgesat.
Méi grouss, méi héich, méi séier: Esou beschreift de Charel Hary d’Evolutioun vun de Spiller op der Fouer. D’Sécherheet misst een dobäi awer net a Fro stellen. D’Kontrolle géingen dacks a grëndlech gemaach ginn. Datt et mol zu der enger oder anerer Pann kéint komme géing net ausbleiwen, mengt de Charel Hary.
"Normalerweis kënnt jo awer näischt un de Client."
Och wann déi nächst Deeg nees Reen um Programm steet, esou rechent een trotzdeem mat vill Besuch. “Et gi jo Reejacketten”, esou nach de Charel Hary.