Esou eng Moossstatioun wier der europäescher Direktiv fir d’Loftqualitéit no net virgesinn. Dat géif awer net heeschen, datt an Zukunft keng Moossstatioun an de Norde kéint kommen.
Moosstatiounen dohin, wou Schuedstoffer hierkommen
D’europäesch Direktiv géif virgesinn, datt Moossstatioune fir d’Loftqualitéit do opgestallt ginn, wou potentiell Schuedstoffer hierkommen, erkläert d’Laurence Golicz.
"Mir hunn eng Zon, déi ass am Fong méi aktiv. Dat heescht, mir hu méi Quellen. An do gesi mer de Besoin, fir méi Statiounen ze hunn. An déi aner Zon ass méi déi rural Zon. An do hu mer manner Besoin, fir Statiounen ze hunn."
Potentiell Quelle vun de Schuedstoffer wieren zum Beispill de Verkéier, d’Industrie oder eeben och e Bëschbrand. Mee sou ee Bëschbrand géif awer nach keng nei Moossstatioun am Norde rechtfertegen, esou d’Laurence Golicz vun der Ëmweltverwaltung.
"Et ass normalerweis fir d'Evolutioun vun de Polluanten ze observéieren, mee net direkt fir en Evenement wéi zum Beispill Feier. Mir hunn do observéiert an et ass net representativ am Fong, et ass e spezifescht Evenement."
Um Kierchbierg ass eng geplangt
D’Laurence Golicz géif awer och net ausschléissen, datt an Zukunft eng Moossstatioun méi nërdlech an d’Land kënnt. Bis ewell steet déi nërdlechst Statioun, déi och ganz reng Stëbspartikele moosse kann, zu Beidler an der Gemeng Jonglënster.
Et wier normal, datt ee just 4 a keng 100 esou Moossstatiounen zu Lëtzebuerg hätt.
"Et ass vill Effort fir eng nei Statioun opzeriichten, dat kascht och immens. Mir hunn do Prezisiounsgeräter, fir déi verschidde Polluanten ze moossen. A mir brauchen och do eng Maintenance a reegelméisseg Etalonnagen."
Eng nei Moossstatioun kënnt dogéint 2027 op de Kierchbierg, esou nach d’Laurence Golicz. Déi Statioun kéint all déi verschidde Schuedstoffer aus der Loft moossen déi vun enger neier europäescher Direktiv virgesi sinn. Och den Emplacement um Kierchbierg, enger sougenannter "Urban Background" Plaz, wier vun där Direktiv virginn.