An den nächste Méint mussen d‘Kandidaten an d'Kandidatinnen elo 3 grouss Tester duerchlafen: Fir d‘éischt eng sportlech Epreuve. Wien déi packt, kënnt an déi zweet Etapp. Dat sinn allgemeng Sproochentester: Franséisch, Däitsch a d‘Culture générale gëtt getest. Duerno steet fir déi Kandidaten a Kandidatinnen, déi duerchkomm sinn, e psychologeschen Test un an en Entretien op Lëtzebuergesch.
Déi 200 Kandidaten, déi zeréckbehale ginn, kommen dann d‘nächst Joer am Fréijoer an d‘Policeschoul.