arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Plainte géint Shein geplangt

Frankreich

|
headphones

1 min

Plainte géint Shein geplangt

Franséisch Deputéiert hunn annoncéiert eng Resolutioun bei der EU anzereechen an där d'EU an déi franséisch Regierung dozou opgefuerdert ginn, méi streng géint déi asiatesch Plattform Shein virzegoen. Dat um Dag wou zu Paräis dee weltwäit éischte Buttek vum Masseproduzent Shein opgeet.

headphones

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

De Rapporteur vun der Kommissioun fir d'Kontroll vun Importer huet iwwerdeems annoncéiert eng Plainte beim Parquet géint Shein ze maachen. Dat nodeems och de Verkaf vu Macheten a Schloréng op der Plattform entdeckt gouf. Den 18. November wäert sech den Online-Distributeur géintiwwer der zoustänneger Kommissioun veräntwerte mussen. 

Shein steet zënter dem Weekend verstäerkt an der Kritik, well Sexpoppe mat pedokriminellem Charakter op dem franséischen Onlinesite an och weltwäit verkaf gi sinn. 

Dräi Amendementer

Den Online-Konzern huet dëst Joer schonn dräi Amendementer a Frankräich vun insgesamt 191 Milliounen Euro missen ausgläichen. Dat fir de Verstouss géint Cookies-Legislatioun, wéinst falschen Aussoen a Reklammen, ierféierenden Informatiounen a well Konschtstoff-Mikrofaseren net korrekt deklaréiert goufen.