arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paulette Lenert vun der Chamber als Conseillère am Staatsrot designéiert ginn

Staatsrot

|
reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Paulette Lenert vun der Chamber als Conseillère am Staatsrot designéiert ginn

D'LSAP-Deputéiert war déi eenzeg Kandidatin fir de Posten deen zënter ronn engem Mount ausgeschriwwe war. Déi fréier Gesondheetsministesch hat deemools schonn hiren Interessi fir dëse Posten ausgedréckt.

reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Archivfoto Paulette Lenert | © Jo Diseviscourt
Archivfoto Paulette Lenert (Foto: Jo Diseviscourt)

An der Plenière krut d'Paulette Lenert de Mëtteg vun den aneren Deputéiert felicitéiert. Et wier een emotionale Moment, sot d’Paulette Lenert, wéi si hir Zäit um Krautmaart reflektéiert huet.

"Datt ech ganz dankbar sinn, dat ass dat, wat ech haut empfannen, fir déi Zäit hei konnten ze verbréngen. Et sinn Debatte gewiescht, Meenungsverschiddenheeten, déi sinn ëmmer am géigesäitege Respekt ofgelaf."

Si hätt d'Chamber eréischt richteg kennegeléiert, wéi si bis dra war, esou d'Paulette Lenert. 

"Et gesäit een hanner d'Kulissen. Et gesäit ee wat d'Aarbecht ass. Mir huet dës Zäit ganz vill bruecht. Ech soen Iech alleguerte Merci fir d'Ënnerstëtzung."

Esou d’Paulette Lenert. D’Propositioun vun der Chamber geet elo weider un de Grand-Duc, deen d’Paulette Lenert da fir de Staatsrot muss nominéieren. Dëst gëllt awer als eng Formalitéit. Bis zu hirer offizieller Vereedegung bleift si Member vun der Chamber. 

play_arrow Lauschteren