D‘CSV-DP-Regierung hätt de Klimaschutz bis elo als politescht Stéifkand behandelt, esou déi Lénk. De Luc Frieden wéilt eng Klimapolitik maachen, déi keen nervt.
Dës Resolutioun zwéngt d‘Länner elo, den Emwelt- a Klimaschutz nees eescht ze huelen. Déi Lénk erwaarde vun der Regierugn, datt si elo handelt an d‘Investitiounen an de Klima- an Emweltschutz massiv eropzesetzen.
E Grupp vun aacht Länner, dorënner d‘USA, Russland, Saudi-Arabien an Israel, hunn iwwerdeems géint déi Resolutioun gestëmmt.