Radioen

On air

Moiesstudio  |  Wéi geet een entspaant an d'Pensioun?

play_arrow Live
search

/ Patientevertriedung mat schaarfer Kritik un den Taxi-Ambulanzen

Eng Reform gëtt gefuerdert

Patientevertriedung mat schaarfer Kritik un den Taxi-Ambulanzen

Et ginn nach ëmmer gréisser Problemer mat den Taxi-Ambulanzen. Dorop mécht d‘Patientevertriedung op en Neits an engem Communiqué drop opmierksam.

auto_stories

1 min

© Mic V. / Flickr
Foto: Flickr / Mic V

De Beräich vun de Krankentransporter misst d‘urgence reforméiert ginn, mee de Gesetzesprojet wier elo schonn iwwert e Joer beim Staatsrot blockéiert. Et géif zum Beispill u Qualitéitsstandarde feele bei de Gefierer, keng kloer Reegele fir Hygiène an Ausstattung, d‘Personal wier net adequat forméiert, d‘Präisser wieren net eenheetlech an dacks iwwerhéicht an et géife keng Kontrolle ginn.

D‘Patientevertriedung fuerdert eenheetlech Qualitéitsstandarden, eng transparent Tarifpolitik an d‘Schafung vun enger Plaz, wou ee Reklamatioune kann areechen.