Radioen

On air

Popfilter  |  Perfume Genius - Capezio

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Partydrog Laachgas: Muss ee sech Suerge maachen?

Gesondheet

Partydrog Laachgas: Muss ee sech Suerge maachen?

De Konsum vu Laachgas ass rezent och hei am Land an d'Luucht gaangen. Eng Partydrog, déi geféierlech Laangzäitkonsequenze mat sech ka bréngen. Mee mécht deen Trend de Gesondheetsautoritéite Suergen?

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© picture alliance/dpa | Marcus Brandt play_arrow
(Foto: picture alliance/dpa | Marcus Brandt)

Laachgas ass zwar hei zu Lëtzebuerg nach net esou verbreet als Partydrog wéi am Ausland, mee och hei am Land ass de Konsum rezent an d'Luucht gaangen. Dat kann een aus de Statistike vun der Superdreckskëscht ofliesen, déi 2022 knapps 100 Kilo eidel Bombonne vun deem Gas gesammelt huet. Zwee Joer drop awer schonn iwwer 6 Tonnen.

Natierlech lant net all Bombonn am Recyclage an dofir ginn déi Chiffere just eng Indikatioun iwwer de reelle Konsum, mee d'Tendenz ass kloer.

Asaz an der Medezin an an der Landwirtschaft

Am 100,7-Interview erkläert den Olivier Michels aus der Direktioun vun der Santé, datt Laachgas Distickstoffmonoxid ass a virun allem an der Medezin an an der Industrie gebraucht gëtt.

“An der Medezin gëtt et virun allem benotzt, fir d'Leit ze sedéiere bei Agrëffer. An an der Industrie gëtt et och virun allem bei der Veraarbechtung benotzt, virun allem an der Landwirtschaft.”

Et fënnt een de Laachgas awer och am Alldag, zum Beispill an de Bombonne vun der Schlagsan.

90 Sekonnen Euphorie

Den Distickstoffmonoxid gëtt Laachgas genannt, well en Euphorie ausléise kann, wann een domadder berouegt gëtt. Den Olivier Michels erkläert, datt dëst u sech eng Wiesselwierkung vun dräi bis véier Prozesser ass.

“Beim Konsum vu Laachgas gi gewësse Rezeptore gehemmt, wat dozou féiert, datt ee sech entkoppelt fillt an euphoriséiert. An doduerch gëtt dann och den dopaminergesche System ugesteiert, wouduerch dann d'Euphorie opkënnt.”

Eng Niewewierkung ass awer och Schwindel, deen duerch de Sauerstoffmangel entsteet. An dëst steiert de limbesche System un, duerch deen dann d'Gefill vun der Entkopplung opkënnt, esou den Olivier Michels.

“Fillt ee sech méi relaxéiert. Allerdéngs muss een och dobäi bedenken, datt den Effekt immens kuerz ass. Ech schätzen 90 Sekonnen ongeféier.”

D'Risike vum exzessive Konsum

Et bestinn awer natierlech Risiken. Den Haaptrisiko vum direkte Konsum ass et, datt duerch de Sauerstoffmangel Gehierzellen ofstierwen. Wat awer duerchaus nach méi Suerge bereet, dat sinn d'Laangzäitkonsequenze bei engem exzessive Konsum. Dëst kann ënner anerem zu enger Stéierung an der Réckemuerch an um zentralen Nervesystem féieren. Mee dëst wier just bei exzessivem Konsum de Fall, esou de Vertrieder vun der Santé.

Wéi vill Suergen awer gi sech bei der Santé gemaach, doduerch datt de Konsum och hei am Land kloer schéngt an d'Luucht ze goen? Den Olivier Michels relativiséiert d'Situatioun. Nach wier ee bei Wäitem net op deem Niveau, wéi dat an Däitschland oder a Frankräich de Fall ass. Et géing een d'Situatioun scho bal dräi Joer laang suivéieren an och enk mat verschiddene Partner um Terrain zesummeschaffen.

E Verbuet zu Lëtzebuerg?

Wat een eventuelle Verbuet vum Laachgas ugeet, do wëllt een zu Lëtzebuerg als éischt d'Entwécklung am Ausland ofwaarden.

“Fir de Moment beobachte mir eigentlech d'Verbueter an d'Reguléierung vun eisen Nopeschlänner a kucken, wat den Impakt dovunner ass.”

E Verbuet op nationalem Niveau wier awer méiglech, mee den Olivier Michels betount, datt de Laachgas selwer relativ einfach am Ausland oder am Internet ze kafen ass.

 

Lauschterenplay_arrow