arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 7. Indiaca-Weltmeeschterschaft - Lëtzebuerg ass Titelverteideger

Titelverdeedeger Lëtzebuerg

|
headphones

2 min

7. Indiaca-Weltmeeschterschaft - Lëtzebuerg ass Titelverteideger

Nach bis e Sonndeg ass déi 7. Indiaca-Weltmeeschterschaft an Estland. Lëtzebuerg ass Titelverdeedeger. Bei der WM 2022 haten d'Spiller an d'Spillerinnen aus der Kategorie Mixed Senior Gold gewonnen. An och dëst Joer gëllt Lëtzebuerg als ee vun de Favoritten.

headphones

2 min

Wiem Indiaca elo net direkt e Begrëff ass: Dat ass en Ekippesport, deen änlech wéi Volleyball op engem Spillfeld mat engem Netz gespillt gëtt. De "Ball" ass den "Indiaca", eppes wéi en iwwerdimensionale Fiederball mat engem Schaum-Këssen ënnen um Enn. Dorop gëtt mat der flaacher Hand geschloen. 

Gold bei der Weltmeeschterschaft 2022

Bei der leschter Weltmeeschterschaft 2022 konnt Lëtzebuerg an der Kategorie Mixed Senior, an där Spiller a Spillerinnen iwwer 40 Joer géinteneen untrieden, d'Goldmedail mat heem huelen. De Grand-Duché ass an där Kategorie déi nächst Deeg Titelverteideger. 

Lëtzebuerg definitiv ee vun de Favoritten

An och dëst Joer géif een de Fokus op d'Dammen an d'Häre bei den Ü-40 leen, wéi d'Tania Theis aus der Ekipp vun de Senior-Dammen erkläert. Hei wier Lëtzebuerg definitiv ee vun de Favoritten. Mee och Däitschland an Estland hätte ganz gutt Spiller:innen, notamment och vill, déi aus dem Volleyball eriwwer gewiesselt wieren.

Et géif een awer op d'Ekippen aus Japan am A behalen, hei misst een ëmmer op Iwwerraschunge gefaasst sinn, esou d'Tania Theis. 

Virun allem bei der Ekipp vun den Open Häre géif ee sech gutt Chancen ausrechnen. Fir déi aner dierft et scho méi schwiereg ginn, esou d'Tania Theis: 

"Mee ech denken och, datt bei de Senioren awer vläicht eppes ëmzerappen ass.”

Néi Reegelen am Indiaca

Fir déi 7. Weltmeeschterschaft am Indiaca sinn d'Reegele geännert ginn. Wat duerchaus munches um Spillfeld erliichtere kéint, esou d'Spillerin Tania Theis. D'Héicht vun den Netzer sinn a verschiddenen Kategorien erofgesat ginn. Fir méi Spannung an d'Spill ze bréngen däerf een elo och Sprongservice maachen. De "Ball" kritt doduerch méi Vitess. 

Lëtzebuerg ass bei der Weltmeeschterschaft an Estland dëst Joer mat 6 Ekippe vertrueden, eng pro Kategorie. Domat ass ee besser opgestallt wéi bei der leschter Weltmeeschterschaft 2022.

Den Turnéier geet nach bis dëse Sonndeg 10. August.