De Benjamin Netanjahu kritt Bedruch, Verontreiung a Korruptioun virgehäit. Hie soll ënner anerem enger Telekommunikatiounsfirma Vergënschtegungen accordéiert hunn a Luxuskaddoen ugeholl hunn.
Viru Journaliste sot hie gëschter um Méindegowend, datt de Prozess eng Hexejuegd an eng systematesch Verfollgung géint seng Persoun wier. De Medien huet hie virgehäit, Ligen ze verbreeden.
Virum Geriicht zu Tel Aviv hu sech Demonstrante versammelt, déi géint dem Benjamin Netanjahu a seng Politik protestéieren.