Radioen

On air

Moiesstudio  |  Oliver Cheatham - Get Down Saturday Night

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel gräift weider Ziler vun der Hisbollah un

Noen Osten

Israel gräift weider Ziler vun der Hisbollah un

Israel huet erëm Ziler vun der Hisbollah am Süde vum Libanon ugegraff. Dat dräi Deeg nodeems eng Feierpaus mat der Hisbollah a Kraaft getrueden ass.

auto_stories

1 min

Libanon | © picture alliance/dpa | STR
Archivfoto: picture alliance/dpa | STR

Engem Communiqué no huet déi israeelesch Arméi véier Ziler getraff, dorënner eng Rakéitenanlag bei Saïda, enger Stad ronn 30 Kilometer vum Floss Litani. D’Hisbollah soll sech laut Feierpaus-Ofkommes nërdlech vum Floss zeréckzéien.

Och e militärescht Gefier bei enger Rakéitefabrick gouf ugegraff.

Déi libaneesesch Noriichtenagence mellt weider Ugrëffer, dorënner eng Dronenattack op e Gefier an Artillerie-Schëss beim Duerf Shaqra.

D’Feierpaus, déi zënter Mëttwoch gëllt, soll e Schlussstréch ënner zwee Méint Kämpf a ville Méint vu Grenzgewalt zéien. Den ugehale Konflikt huet Zéngdausende Leit an Israel an Honnerte vun Dausende Leit am Libanon gezwongen, hir Haiser ze verloossen.