Radioen

On air

Notturno  |  Corbi - Um Knäppche Gëtt Gedréint

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UNICEF warnt viru weltwäit méi héijer Gewalt géint Kanner

All sechst Kand ass betraff

UNICEF warnt viru weltwäit méi héijer Gewalt géint Kanner

Ronn 460 Millioune Kanner liewen Aussoe vum UNO-Kannerhëllefswierk no a Krichs- oder Konfliktgebidder. Dat entsprécht all sechstem Kand.

auto_stories

1 min

UNICEF Protect Children | © UNICEF / UNI443216
Foto: UNICEF / UNI443216

Besonnesch dramatesch wier d'Situatioun an der Ukrain, am Sudan an am Noen Osten, wou vill Kanner duerch Krichshandlunge verwonnt, verstümmelt oder ëmbruecht goufen.

Am Joer 2023 huet Unicef bal 32.300 Violatioune géint d'UNO-Kannerrechtskonventioun registréiert, dorënner Grondrechter wéi d'Diskriminatiounsverbuet an d'Recht op Liewen a perséinlech Entwécklung.