arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Oppositioun iwwer de Projet ALPHA: En "Transparenz-GAU"?

Educatioun

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Oppositioun iwwer de Projet ALPHA: En "Transparenz-GAU"?

Kritik vun der Oppositioun gouf et de Moien an der Educatiounskommissioun vun der Chamber um Pilotprojet ALPHA iwwer d'Alphabetiséierung op Franséisch an der Grondschoul an un den Evaluatiounen dozou. Ënner anerem den Ausdrock "Transparenz-GAU" ass gefall.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Chambre des députés
(Foto: Chambre des députés)

D’Djuna Bernard vun déi gréng an d’Francine Closener vun der LSAP hunn dobäi ënnerstrach, datt si u sech hanner der Reform stéingen. Si hunn dem Minister Claude Meisch awer ënner anerem Feeler an der Kommunikatioun virgehäit.

Djuna Bernard: Vertrauen an d'Reform ass geschiedegt

Fir déi gréng Deputéiert wier et net ze akzeptéieren, wéi an dësem Dossier virgaangeginn ass.

"Well dat, wat hei beschiedegt gouf, ass eppes ganz Grondlegendes, an dat ass d’Vertrauen an dës Reform. Et ass u sech de Ministère selwer, deen dëse Schued verursaacht huet."

Andeems en, esou d’Djuna Bernard, den Evaluatiounsrapport ënner Verschloss gehalen hätt. Do, wou maximal Transparenz néideg gewiescht wier, wier et zu engem Transparenz-GAU komm.

Minister Meisch: Net alles rosarout, mee och net alles däischtergro

Den DP-Educatiounsminister huet betount, datt um Evaluatiounsrapport näischt geännert gi wier op Interventioun hi vum Ministère.

"Fakt ass och, datt alles publizéiert ginn ass, well dat wichteg ass fir déi politesch Diskussioun, well dat wichteg ass fir déi Acteuren, déi op den Dag amgaange sinn, an de Schoulen, d’Generaliséierung vun ALPHAvirzebereeden."

Dem Claude Meisch no hätt keng Absicht bestanen, eppes zeréckzehalen, och net de Rapport vum LUCET, dem Luxembourg Centre for Educational Testing vun der Uni. Wat ALPHA ugeet wier sécher net alles rosarout, awer och net alles däischtergro, sot de Minister.

Francine Closener: ALPHA soll verréckelt ginn

Fir d’Francine Closener vun der LSAP sollt d’Generalisatioun vun ALPHA verréckelt amplaz virugedriwwe ginn. Villméi sollt de Pilotprojet ausgebaut ginn.

"Net just quantitativ, op weider Schoulen, esou wéi mir dat ëmmer scho gefrot hunn, mee virun allem musse mir d’Erkenntnisser vu bis elo mat abauen an dee Pilotprojet."

Projet ALPHA déi richteg Äntwert, seet de Minister

D’Fro, zéie mir dat duerch oder net, huet de Minister Claude Meisch esou beäntwert.

"Meng Recommandatioun ass kloer, datt mir et maachen. Well et gëtt zënter Joerzingte festgestallt, datt mir écrasant Bildungsongerechtegkeeten zu Lëtzebuerg hunn."

Op dës Ongerechtegkeete wier ALPHA déi richteg Äntwert, esou de Minister.

Iwwregens huet sech och d’Djuna Bernard vun déi gréng nach géint e Verréckelen ausgeschwat.

play_arrow Lauschteren