De Fred Keup stéiert sech drun, datt de Ministère net a voller Transparenz gehandelt soll hunn.
"Elo ass erauskomm, datt eng Etüd, déi schonn am Fréijoer do war, ënner Verschloss gehal ginn ass, fir net ze soen, geheim gehale ginn ass. Eng Etüd, déi d'Uni gemaach huet, fir de Projet ze evaluéieren. Woubäi mir ëmmer soen, datt de Projet am Fong net richteg evaluéiert gi kann, (...) well et sinn einfach ze wéineg Schüler an de Projet ass nach net laang genuch amgaangen."
Et misst een deemno waarden, bis déi éischt Schüler an de Lycée kommen, esou nach de Fred Keup.
De Pilotprojet ALPHA ass iwwer 4 Joer an a véier verschidde Grondschoule gelaf. Wéivill Schüler am Ganzen drun deelgeholl hunn ass onkloer.
ADR fuerdert méi Deputéiert an der Chamber
De Staatsbudget, d’Schafe vu Wunnraum, Aarmutbekämpfung, Famill stäerken, Sécherheet, Migratiounspolitik mat Verstand, Sprooch, Kultur, Meenungsfräiheet an Demokratie sinn déi Theemen, déi d’ADR an der Chamber dëst Joer beschäftegt hunn.
Dëst wiere vill Dossieren, déi ee misst zu fënnef Deputéiert bewältegen, dohier d’Fuerderung vum ADR-Fraktiounspresident, datt d’Zuel vun den Deputéierten an der Chamber eropgesat gëtt.