arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ongewéinlech Traditioun op Chrëschtdag léisst brasilianesch Detenuen hoffen

Brasilien

|
headphones

1 min

Ongewéinlech Traditioun op Chrëschtdag léisst brasilianesch Detenuen hoffen

A Brasilien ass et eng Traditioun: de brasilianesche President Lula huet een Dekreet ënnerschriwwe fir Detenuen ze begnodegen oder fir d’Prisongsstrofen ze änneren. Et ginn awer prezis Reegelen.

headphones

1 min

Fraen, Mënsche mat enger Behënnerung, AIDS-Kranker oder nach Studente gi favoriséiert. Allerdéngs ginn Detenuen, déi wéinst schlëmmen Dote condamnéiert goufen, ausgeschloss. Dat gëllt fir Täter vu sexualen Doten, Crimmen, am Fall vu Mord, Drogenhandel, oder nach Attacke géint déi demokratesch Institutioune vum Staat.

play_arrow Weider Detailler huet eise Korrespondent Jean-Claude Gerez