Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Alex Lahey - They Wouldn't Let Me In

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ongereimtheeten an der Comptabilitéit vu FrEsch

Escher Kulturveräin

Ongereimtheeten an der Comptabilitéit vu FrEsch

Reporter.lu mellt Finanziell Ongereimtheete beim Escher Kultur-Veräin „FrEsch“. de Budget wier opgeblose ginn. Dokumenter, déi dem Online Magasinn virleien, géife weisen, datt d‘Struktur erstaunlech Depensen an eng "abenteuerlech Finanzplanung“ hätt.

auto_stories

1 min

© Jo Diseviscourt
D‘Oppositioun am Escher Gemengerot géif zanter laangem Asiicht an d‘Konte vu FrEsch verlaangen (Foto; Wiki Commons)

De Millioune-Budget géif zum Deel op wackelege Féiss stoen. An der Comptabilitéit géifen héich Ausgaben optauchen, deenen hiren Zweck onkloer ass. D‘Recette géife systematesch iwwerschat ginn, esou nach Reporter.

D‘Oppositioun am Escher Gemengerot géif zanter laangem Asiicht an d‘Konte vu FrEsch verlaangen, heescht et nach am Artikel – bis ewell ouni Erfolleg. An engem Schreiwes fuerdert d‘LSAP Sektioun Esch, datt all d‘Informatiounen elo – an net wéi bis ewell geplangt am Hierscht – verëffentlecht solle ginn.

„FrEsch“ gouf viru 4 Joer gegrënnt, mam Zil fir de Kulturentwécklungsplang vun der Stad Esch ëmzesetzen. Datt ee Veräin, an net d‘Stad Esch selwer, d‘kulturpolitesch Aktioune soll leeden hätt domat ze dinn, datt just Veräiner an net Gemenge Subventioune vun der Oeuvre kënne kréien, esou den Escher DP-Kulturschäffe Pim Knaff. Hien ass President vu „FrEsch“ a gouf rezent wéinst schwéier Steierhannerzéiung verurteelt.

FrEsch kritt dëst Joer Subventiounen an Héicht vu 4,5 Milliounen Euro.