arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OGBL: An den Alters- a Fleegeheemer gouf vill ënnerholl fir mat der Hëtzt ëmzegoen

Héich Temperaturen

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

OGBL: An den Alters- a Fleegeheemer gouf vill ënnerholl fir mat der Hëtzt ëmzegoen

Et wiere vill Klimaanlagen nogerüst ginn an et hätten Upassunge ginn, fir beispillsweis d'Aktivitéite fir d'Bewunner:inne wa méiglech a klimatiséierte Raim ze maachen. Ob et awer iwwerall klimatiséiert Grupperaim ginn, wéisst hien net, seet den Tom Mamer vum OGBL.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Bei Hëtzt vill drénken: Grad fir eeler Leit ass dat bei deem Wieder enorm wichteg. | © EPA/STEPHANIE LECOCQ
Bei Hëtzt vill drénken: Grad fir eeler Leit ass dat bei deem Wieder enorm wichteg. (Foto: EPA/STEPHANIE LECOCQ)

Nach géifen et Ënnerscheeder tëschent den Haiser ginn, stellt den Tom Mamer vum OGBL-Syndikat Gesondheet a sozial an edukativ Servicer fest.

D’Déngschtleeschter hätten ënnerschiddlech vill ënnerholl. D’Zëmmeren an den Alters- a Fleegeheemer wieren esou oder esou awer dacks net klimatiséiert.

"D'Zëmmere vun de Bewunner ass de Problem, well do sinn oft just Ventilatoren, déi d'Famillen entweeder selwer matbréngen oder déi verdeelt goufen. Mee do ginn et vun deenen, wou mir elo an Echoe kritt hunn, keng Klimatiséierungen."

Och e Problem um Personalniveau 

Ee grousse Problem wier och, datt net genuch Personal do wier, fir bei Hëtztwellen déi zousätzlech Betreiung vun de Bewunner:innen ze garantéieren.

"Wann dann eng zousätzlech Belaaschtung, wéi duerch Hëtzt opkënnt, wou een einfach méi no de Leit, déi jo awer där Hëtzt méi ausgesat sinn, sech méi ëm déi këmmere muss, dann ass dat e Problem um Personalniveau. Dat ass ganz kloer esou."

Komponent Hëtzt misst an Zukunft matgeduecht ginn

Bei den techneschen Upassungen an den Haiser wéinst den Hëtztwellen, a bei den Aarbechtsofleef, wier villes och éischter provisoresch, analyséiert den Tom Mamer vum OGBL. Wat d’Gebaier ugeet, wier de Problem "grouss Hëtzt" vill Jore guer net a Betruecht gezunn. 

"Sech op esou Situatioune virzebereeden, dat heescht bei deene Saachen, déi elo geplangt ginn an déi an Zukunft nach wäerte geplangt ginn, muss een dat einfach vu vir u mat eran denken, datt et vill méi oft vill méi waarm wäert ginn, an datt d'Residenten, wéi och d'Personal, wat jo eng kierperlech ustrengend Aarbecht mécht, besser virun deene Situatioun ka geschützt ginn." 

D’Komponent Hëtzt misst also beim Plange matgeduecht ginn, esou den OGBL-Gewerkschaftler Tom Mamer.

play_arrow Lauschteren