arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regierung a Sozialpartner fannen Accord iwwer Kollektivverträg

Aarbechtswelt

|
reading time

1 min

Regierung a Sozialpartner fannen Accord iwwer Kollektivverträg

Den nationalen Aktiounsplang fir Kollektivverträg kann an den nächsten Deeg un d'EU-Kommissioun zu Bréissel geschéckt ginn. Noutwendeg dofir war eng Eenegung mat de Sozialpartner, déi de Moien an der Sitzung vum Comité permanent du travail et de l'emploi am Aarbechtsministère fonnt gouf.

reading time

1 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Den Aarbechtsminister Marc Spautz huet sech no der Sitzung am Gespréich mam Radio 100,7 ganz zefridde gewisen, datt et gelongen ass, een Accord an dësem Format ze fannen: Dat wier e gutt Signal no baussen, fënnt den CSV-Politiker.

Vu 55 op 80 Prozent Kollektivverträg

Am Aktiounsplang sti verschidde Pisten, fir et méiglech ze maachen, datt an Zukunft hei am Land méi Beschäftegter ënnert engem Kollektivvertrag kënne schaffen. Aktuell hätte 55 Prozent ee Kollektivvertrag, esou de Minister.

Dat europäescht Zil ass, op 80 Prozent ze kommen. Eng vun de Piste wier eng “Ouverture am Aarbechtsrecht”, déi fir Flexibilitéit bei den Aarbechtszäiten a fir Rechtssécherheet an dësem Beräich soll suergen, an dofir, datt den Interesse klëmmt, fir méi Kollektivverträg ofzeschléissen, huet de Marc Spautz erkläert.

Fortschrëtter bei der Plattformaarbecht

Och an den Diskussiounen iwwer e Gesetz fir d’Plattformaarbecht wier ee virukomm, esou de Marc Spautz. Et wieren awer nach Froen ze klären. Dat géif an den nächste Wochen en engem Aarbechtsgrupp mat de Sozialpartner gemaach ginn, ier de Comité Permanent du Travail et de l’emploi de 16. an den 30. September op en Neits zesummekéim.