arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hëtztwellen: D'Handwierksmeeschtere fuerderen eng ugepassten Aarbechtsorganisatioun

National

|
reading time

1 min

Hëtztwellen: D'Handwierksmeeschtere fuerderen eng ugepassten Aarbechtsorganisatioun

D'Amelux, d'Associatioun vun den Handwierksmeeschteren, fuerdert eng Upassung vun der Aarbechtsorganisatioun un déi nei klimatesch Realitéiten. Déi aktuell Hëtztwelle wiere keng Ausnam, mee wieren och an Zukunft méi reegelméisseg ze erwaarden. Do wier d'Wëssenschaft kloer.

reading time

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

D‘Amelux fuerdert dofir ugepasste Schaffzäiten a Schaffplazen. Besonnesch a Beräicher wéi Bau, Stroossebau, Gaarden- a Landschaftsbau souwéi Logistik wieren d‘Gesondheetsrisike fir d‘Salariéen héich.

Beispillsweis kéinte vun Temperature vu 34 Grad u verschidden Adaptatioune besonnesch bei den Aarbechtszäiten ageféiert ginn.