Zu New York kënnt den Owend de Sécherheetsrot vun de Vereenten Natioune fir eng Drénglechkeetssëtzung zesummen. Russland huet déi ugefrot. D’UNO huet awer um Méindegmoie schonn dozou opgeruff, d’Verbriechen aus der Vergaangenheet opzeschaffen. An Israel huet ugekënnegt, datt säi Virstouss an d’Pufferzon op de Golan-Héichten, déi tëscht Syrien an Israel leien, zäitlech begrenzt wier.
Freet och zu Lëtzebuerg
Fir e Syrer, deen zënter 2015 zu Lëtzebuerg ass, war gëschter um Sonndeg den Dag vun der Fräiheet fir säi Land. Mam Stuerz vum Baschar al-Assad wier deen Dag komm, op dee Millioune Leit 14 Joer laang gewaart hätten, sot den Tawfik Alhalabi am 100,7-Interview. Iwwert d’Fräiheet eraus wier den Dag vu gëschter nach dee vun der Justiz a vum Feiere gewiescht, sou de Mann, dee gëschter, wéi hie sot, de ganzen Dag um Handy houng.
Den Tawfik Alhalabi huet vun engem extreme Gefill geschwat, dat een net beschreiwe kéint. De Mann ass 9 Joer hei am Land an integréiert.
“Ech schaffen elo als Buschauffer, fir eng privat Firma.”
Hie lieft mat enger Lëtzebuergerin zesummen. Si hunn zwee Kanner, an, Stand elo, ka sech den Tawfik Alhalabi net virstellen, a seng Heemecht zréck ze goen:
“Il y a un bon travail, j’ai une belle vie ici. Si la situation s’améliore en Syrie, je vais participer dans la vie là-bas, d’une façon ou une autre. Mais pour rentrer complètement, ça sera difficile.”
Jean-Claude Juncker: Et dierf ee sech net ze fréi freeën
De fréiere Premier Jean-Claude Juncker sot sech am 100,7-Interview frou iwwert d’Evenementer a Syrien. Déi wiere wuel e Schrëtt a Richtung mënscherechtlech Normalitéit, mee hie wier awer besuergt.
"Ech kennen déi Géigend vun der Welt net extrem gutt, mee awer gutt genuch fir ze wëssen, dass näischt sou geet, wéi et sech ofzeechent, wann et geschitt.”
An den Ae vum Ex-Regierungschef misst ee Gedold hunn.
“Déi, déi op dem Assad senger Säit waren - de Geheimdéngscht, Deeler vun der Arméi, Deeler och vun der Zivilgesellschaft - si jo net mat op Moskau geflunn. Déi si jo nach a Syrien.”
Fir de Jean-Claude Juncker misst een ee bis zwee Joer waarden, fir ze gesinn, a wéi eng Richtung dass et fir Syrie geet, an ob dat déi gutt Richtung ass. D’EU sollt iwwerdeems beim Neesopbau vum Land hëllefen.