Dem arabesche Sender no hätten déi Journalisten no bei engem Spidol am Flüchtlingscamp vun Nuseirat geschafft.
D'Observatiounsmissioun vun de Vereenten Natiounen am Libanon weist sech iwwerdeems besuergt iwwert d'Zerstéierunge vu Wunngebidder, Stroossen a landwirtschaftlech Flächen am Südlibanon.
Trotz Wafferou, déi virun engem Mount duerch eng UN-Resolutioun agesat gouf, géif déi israeelesch Arméi weider am Südlibanon aktiv bleiwen. D'Observatiounsmissioun vun de Vereenten Natiounen am Libanon ënnerstëtzt déi libanesesch Arméi a soll déi Wafferou och duerch d'Kontroll vun deem Territoire ënnerstëtzen.
Déi pro-iranesch Hisbollah-Miliz an Israel haten Enn November een Accord iwwer eng Wafferou fonnt, déi gréisstendeels och agehale gëtt. D'UN-Missioun fäert awer, datt déi sëlleg Verstéiss géint deen Accord zu enger Eskalatioun kéinte féieren.