De Gros vun de Verwonnte stelle Schwäizer, Fransousen an Italieener duer. Ënnert de Blesséierte war och e jonke Lëtzebuerger. 83 vun de Verwonnte sinn nach an engem Spidol.
15 vun den Doudesaffer ware mannerjäreg, dorënner zwee Kanner - e Jong aus der Schwäiz an e Meedchen aus Frankräich - am Alter vu 14 Joer.
An Tëschenzäit goufen och d'Nationalitéite vun den Doudesaffer vun de Schwäizer Autoritéite matgedeelt. Et handelt sech ëm Persounen aus der Schwäiz, Italien, Rumänien, Tierkei, Portugal, Frankräich, Belsch an enger Persoun mat brittesch-franséisch-israeelescher Nationalitéit.
Gëschter um Sonndeg war zu Crans-Montana eng Mass fir den Affer ze gedenken. E Freideg ass een nationalen Trauerdag geplangt.