No riseger Pann: Fluchverkéier stabiliséiert sech nees
Gëschter um Sonndeg loung de Fluchverkéier am ganze Land stonnelaang brooch. Am Fokus steet e Funkmast bei Athen, deen ausgefall war an dofir gesuergt hat, dass di griichesch Fluchlotsen net méi mat de Pilote konnte kommunizéieren.
Fluchhafen a Griicheland (Foto: EPA/YANNIS KOLESIDIS)
Dowéinst waren all Vollen a Griichenland, an och déi, déi duerch de griichesche Loftraum geflu sinn, ëmgeleet ginn. D‘Sich no der Ursaach leeft op Héichtouren.
Eng Cyberattack oder Sabotage si schonn ausgeschloss ginn. Et soll sech ëm een techneschen Defekt handelen.