Et ass dee schlëmmste Brand an der jonker Geschicht vun der Stad Hong Kong. Bis e Méindegmoie wäerten d’Fändelen op Halbmast stoen.
E Mëttwoch war am Wunnkomplex Wang Fuk Court am Staddeel Tai Po e Feier ausgebrach, dat sech séier op méi Héichhaiser ausgebreet hat.
Sich no Läichen am Plaz no Iwwerliewenden
Den Autoritéiten no gi weider 200 Leit vermësst. D’Pompjeeën hunn d’Feier mëttlerweil geläscht ma d’Sich no Iwwerliewende gouf gestoppt. Et géif elo nëmmen nach drëm goe weider Läichen an de Wunnengen ze fannen an ze identifizéieren.
Op d’mannst 11 Leit goufe wéinst enger Mat-Responsabilitéit festgeholl, dorënner och Leit vun der Baufirma. Bei Renovéierungsaarbechte gouf wuel net zougeloossent Material fir d’Netzer un de Steeë benotzt a verschidde Fënstere solle mat Polystyrolplatte zougemaach gi sinn. Dat wier, Expert:innen no, Material dat séier géif Feier fänken an dat hätt eng zentral Roll bei der Ausbreedung vum Feier gespillt.