Am ganze Land sollen d’Kiercheglacke lauden an et soll eng Schweigeminute am ganze Land ginn. Dat huet de Schwäizer Bundespresident Guy Parmelin matgedeelt.
Bei engem grousse Brand zu Crans-Montana waren an der Silvesternuecht 40 Mënsche gestuerwen an 119 goufe blesséiert, déi meescht dovu schwéier. Éischt Indice weisen dorop hin, datt Späizmännercher op Schampesfläschen d'Feier ausgeléist kéinten hunn.
De Schaumstoff um Plaffong hätt einfach a séier Feier gefaangen an d’Feier hätt sech séier ausgebreet. D’Schwäizer Police huet eng Enquête géint d’Proprietäre vun der Bar lancéiert.
D’Majoritéit - 71 Patienten - kommen aus der Schwäiz. Op der Lëscht steet ee Lëtzebuerger, deen no kuerzer Behandlung konnt d’Spidol nees verloossen.