arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi laang hält den Gianni Infantino sech nach un der Spëtzt vun der FIFA?

Fussball

|
reading time

5 min

Wéi laang hält den Gianni Infantino sech nach un der Spëtzt vun der FIFA?

Am Mäerz 2027 wëllt den Gianni Infantino sech als FIFA-President erëmwiele loossen. Dat huet laang just als Formalitéit gegollt. Nom Schwäizer sengen ëmstriddenen Investitiounspläng schéngt säi Stull esou staark ze wackele wéi nach ni. Mee wéi realistesch ass e Réckzuch vum Infantino iwwerhaapt?

reading time

5 min

© EPA/CHRIS TORRES
(Foto: EPA/CHRIS TORRES)

De FIFA-President Gianni Infantino kritt esouvill Géigewand wéi nach ni a senger mëttlerweil 10 Joer laanger Amtszäit. Besonnesch d’UEFA huet sech mëttlerweil op de 56-Joer ale Schwäizer ageschoss a fuerdert vehement seng Demissioun. 

Investitiounspläng déi lescht Drëps?

Dobäi huet och den europäesche Fussballdaachverband den Infantino laang gewäerde gelooss. Weder bei der vill diskutéierter Wanter-WM am Katar, nach beim ëmstriddene Friddenspräis fir den US-President Donald Trump gouf et grouss Widderried vun der UEFA. 

Dem Gianni Infantino seng Pläng fir privat Investissementer bei FIFA-Tournoien zouzeloossen, schéngt elo awer d’Faass zum Iwwerlafe bruecht ze hunn.

D’UEFA dreet nach ëmmer domat künfteg FIFA-Tournoien ze boykottéieren, obwuel d’Pläng mëttlerweil vum Dësch sinn. Et wier nach net kloer vun der FIFA bewise ginn, datt esou Pläng ni méi wéilte verfollegt ginn, esou d’UEFA. Déi fuerdert iwwerdeems vehement e Récktrëtt vum Schwäizer. Serbien a Wales hu schonn offiziell matgedeelt, de Schwäizer bei der nächster Wal net ze ënnerstëtzen. Norwegen huet matgedeelt, datt een e Récktrëtt vum Infantino wéilt gesinn.

De UEFA-President Aleksander Čeferin (l.) mam FIFA-President Gianni Infantino (r.) | © picture alliance / The Press | KAI SCHWOERER
De UEFA-President Aleksander Čeferin (l.) mam FIFA-President Gianni Infantino (r.) (Foto: picture alliance / The Press | KAI SCHWOERER)

Dee wäert wuel net sou séier kommen, nodeems den Gianni Infantino vun der FIFA-Spëtzt de Réck gestäipt krut. Fir d’UEFA bleift nach d’Méiglechkeet, datt den Infantino am Mäerz beim FIFA-Kongress am Maroc net méi erëmgewielt gëtt. Dat decidéieren all d’FIFA-Memberen zesummen. Mee wéi positionéiere sech déi aner Kontinentalverbänn wann et ëm den aktuelle FIFA-President geet?

Den afrikanesche (Fussball)Kontinent steet hannert dem Infantino

D’Ënnerstëtzung aus Afrika ass dem Gianni Infantino bal sécher. Déi huet den afrikaneschen Daachverband (CAF) dem Schwäizer och offiziell matgedeelt – Nodeems d’Pläng fir privat Investisseuren d’Baach erofgaange sinn.

Den afrikanesche Kontinent huet och dovu profitéiert, datt d’Unzuel vun den Ekippe bei Weltmeeschterschafte gehéicht gouf: 2022 goufen et nach fënnef afrikanesch Participanten. Duerch d’Opstockung waren et der dëst Joer schonn zéng. Den afrikanesche Fussball profitéiert also um Infantino senge Reformen a schéngt et och net esou streng ze gesinn, wann d’Diere fir méi Investisseuren ëmmer méi grouss opgemaach ginn.

De FIFA-President Gianni Infantino mam CAF-President Patrice Motsepe | © EPA/JALAL MORCHIDI
De FIFA-President Gianni Infantino mam CAF-President Patrice Motsepe (Foto: EPA/JALAL MORCHIDI)

Asien: D'"Zünglein an der Waage"?

Den asiateschen Daachverband (AFC) hat sech zimlech séier géint dem Infantino seng Investorepläng gestallt. Géint de Schwäizer als FIFA-President ginn et allerdéngs nach keng gréisser Echoen. Ënnerstëtzung kritt hie sécher mol vum Katar. Och méi kleng Verbänn, wéi de philippinneschen oder mongoleschen ënnerstëtzen de Gianni Infantino.

Vu datt an Europa an Afrika d’Fronte gekläert sinn, kéint Asie bei der FIFA-Presidentewal am Mäerz d’nächst Joer eng wichteg Roll spillen. Hir Decisioun kéint den Ausschlag ginn ob den Gianni Infantino als FIFA-Chef virumaachen däerf – oder net.

Wat mécht den Daachverband vun de WM-Organisateuren?

U sech ass d’Concacaf (Daachverband fir Nord-, Mëttelamerika an d’Karibik) kloer géint den Gianni Infantino als FIFA-President no Mäerz 2027. Dat och, well een den aktuelle Verbandspresident Victor Montagliani aus Kanada zum FIFA-President maache wéilt.

Iwwerraschend huet de Co-Organisateur vun der WM dëst Joer, Mexiko, awer elo dem Infantino seng Ënnerstëtzung zougeséchert. Dat kéint en Domino-Effekt, besonnesch a Mëttelamerika an an der Karibik ausléisen, wou dem Infantino seng Expansiounsideen op fruchtbare Buedem stoussen.

Den dräifache Weltmeeschter ass kloer fir den Gianni Infantino

De südamerikaneschen Daachverband Conmebol ass éischter dofir den Gianni Infantino weiderhin als FIFA-President ze halen. Argentinien a Paraguay ënnerstëtzen de Schwäizer. An dat wuel net ouni Hannergedanken.

Bei der WM 2030 sollen nämlech déi éischt Matcher a Paraguay, Uruguay an Argentinie gespillt ginn. Dono wandert d’Weltmeeschterschaft dann awer an de Maroc, Spuenien a Portugal. Wann den Infantino mat senger Iddi duerchkéim d’WM 2030 mat 64 Ekippe spillen ze loossen, wiere vläit méi Matcher a Südamerika dran, wouvun déi Länner dann och géife profitéieren.

© EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF
(Foto: EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF)

Wat ass mat Ozeanien?

Den ozeaneschen Daachverband OFC huet zwar nëmmen 11 Memberen, mee och déi kéinte wichteg ginn. Positionéiert huet den OFC sech zwar weder zu den Investitiounspläng, nach zum Gianni Infantino selwer, mee si kéinten eng weider Amtszäit awer begréissen.

Duerch dem Schwäizer seng Pläng Weltmeeschterschaften ze erweideren, besteet nämlech d’Hoffnung fir kleng Länner wéi Neikaledonien eng Kéier dorun deelzehuelen. Dat villt Geld, wat an deene leschte Joren aus der FIFA bei d’Verbänn vun de klengen Inselstaaten dobäi koum, schued natierlech och net.

Spéitstens am Mäerz 2027 dierft da kloer sinn, op de 56-Joer ale Schwäizer Gianni Infantino FIFA-President bleift oder net. Eppes gëtt awer ëmmer méi däitlech: De Géigewand ass esou staark wéi nach ni.