arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No PSG-Victoire: Zweeten Dag vun de Feierlechkeete fält gréisstendeels friddlech aus

Paräis

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

No PSG-Victoire: Zweeten Dag vun de Feierlechkeete fält gréisstendeels friddlech aus

Och een Dag no der Champions League Victoire vum PSG goung d’Party gëschter um Sonndeg zu Paräis weider. Den offiziellen Ëmfang vun der Ekipp an eng Entrevue mam President stoungen um Programm. D’Gewalt vum Virowend huet d’Euphorie hei awer e wéineg gebremst. 

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Um Owend vun der Champions-League Victoire vum PSG koum et zu Paräis zu onschéinen Zeenen. | © picture alliance / NurPhoto | Jerome Gilles
Um Owend vun der Champions-League Victoire vum PSG koum et zu Paräis zu onschéinen Zeenen. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Jerome Gilles)

Eng Stad ganz am Zeeche vum Fussball: Zënter e Samschdegowend war Paräis am PSG-Féiwer. Gëschter am Nomëtteg da gouf d’Ekipp offiziell op de Champs-Elysées vun de Fans begréisst. Eng 110.000 Leit ware fir den Defilé vun de Champione komm.

Inneminister schwätzt vu "Barberei"

Eng Erausfuerderung fir d’Sécherheetspersonal, well et um Virowend no der Victoire och zu gewaltsamen Zeene koum. Zu Paräis goufe Butteker vandaliséiert an eidel geraumt, Autoe goufen a Brand gesat, eng 563 Persoune goufe verhaft an zwou Persoune koume bei de Festivitéiten ëm d’Liewen.

Och gëschter no der Parad op de Champs-Elysées koum et vereenzelt zu Zesummestéiss tëschent der Police a gewaltbereete Persounen. D’Stëmmung ass awer gréisstendeels friddlech bliwwen.

Den Inneminister Bruno Retailleau sot, d’Sécherheetskräften hätten adequat an haart agegraff fir dës "Barbarei" ze ënnerbannen.

Macron stellt dat Sportlecht an de Vierdergrond

D’Ekipp gouf och vum President Macron an den Elysée invitéiert. Och hien huet d’Gewalt ronderëm d’Festlechkeete verurteelt. De President wollt awer virun allem dat Sportlecht ervirhiewen an der Ekipp felicitéieren.

Vum Elysée goung et du fir d’PSG-Stare gëschter Owend an hire Stadion, de Parc des Princes, wou si nach eng Kéier vun hire Supporter fir dës historesch Saison gefeiert goufen. Dës Kéier ouni gréisseren Tumult.

play_arrow Lauschteren