Radioen

On air

Notturno  |  Floating Points - Someone Close

play_arrow Live
search

/ Bilan klëmmt op iwwer 1.600 Doudeger - Biergerkrich behënnert Aarbecht vu Rettungsekippen 

Myanmar

Bilan klëmmt op iwwer 1.600 Doudeger - Biergerkrich behënnert Aarbecht vu Rettungsekippen 

A Myanmar géif et akut u medezinescher Versuergung feele fir de Leit no deem schwéieren Äerdbiewen ze hëllefen, warnt d‘UNO. De Bilan vum Äerdbiewen ass op iwwer 1.600 Doudeger geklommen. D‘Militärregierung huet aner Länner ëm Hëllef gefrot. Déi indesch Arméi huet Medikamenter, Zelter a Generatoren an d‘Land bruecht.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Anusak Laowilas
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Anusak Laowilas)

Mee d‘Rettungs-Efforte ginn duerch zerstéiert Infrastrukturen an de Biergerkrich behënnert. Wéi d‘BBC mellt, géif d‘Militärregierung am Myanmar och nom Äerdbiewe weider Positioune vu pro-demokratesche Rebelle-Gruppe bombardéieren. E Responsabele vun der UNO sot, dat wier skandaléis a komplett inakzeptabel.

D‘Rebelle-Gruppen hunn hirersäits e Waffestëllstand vun zwou Wochen ugekënnegt, mee soten, si géife sech verdeedegen, wa si ugegraff ginn.

Iwwerdeems goufen an der thailännescher Haaptstad Bangkok 17 Doudeger confirméiert nodeems een Héichhaus, wat nach am Bau war, wéinst dem Äerdbiewen an de Koup gefall ass. D‘Rettungsekippe sichen op der Plaz weider no Iwwerliewenden. Wéi et heescht, hätt et Liewenszeeche gi vun Aarbechter, déi ënner de Stécker vum Gebai blockéiert sinn.