Zu dëser Conclusioun kënnt d’Waasserwirtschaftsamt an hirem Nitratrapport. Dee muss am Kader vun der Nitratdirektiv all véier Joer op Bréissel geschéckt ginn. D’Regierung huet dat elo op den éischten August gemaach.
Ze vill Nitrat am Waasser ass aus zwee Grënn e Problem: An de Baachen a Flëss féiert ze vill Närstoff zu iwwerméissegem Algewuesstum an zu Sauerstoffmangel. Am Grondwaasser mécht eng ze vill héich Belaaschtung d’Drénkwaasser ongenéissbar.
Éislék a Mëllerdall am staarkste belaascht
An hirem Rapport mécht d’Waasserwirtschaft eng Rei vu Constaten: Déi allgemeng Situatioun wier éischter stabel, mat plazeweis Verschlechterungen a Verbesserungen. Wat d’Uewerflächewaasser ugeet, sou sinn d’Éislék an de Mëllerdall am stäerkste belaascht.
Beim Grondwaasser ass d’Regioun vum Lëtzebuerger Sandsteen am stäerkste belaascht, also déi wichtegst Drénkwaasserreserv aus Quelle fir Lëtzebuerg, am Mëllerdall gëtt eng liicht Verbesserung festgestallt. Well op ville Plazen de Grenzwäert vu 37,5 Milligramm iwwerschratt gëtt, kënne vill Drénkwaasserquellen am Zentrum vum Land net méi genotzt ginn. Hei missten al Mesuren onbedéngt adaptéiert ginn, sou de Rapport.
Asaz vun Dünger a Piff misst erofgeschrauft ginn
Ma wou kënnt dee ville Stéckstoff dann hier? De Rapport ass hei däitlech: 76 Prozent vum Stéckstoff deen an d’Waasser geréit, kënnt aus der Landwirtschaft, an der Haaptsaach duerch Dünger a Piff. Deen Undeel ass zënter dem leschte Rapport souguer ëm sechs Prozent geklommen. D’Ofwässer aus de Kläranlage maachen dogéint just 24 Prozent aus, mat däitlecher Tendenz no ënnen.
De Rapport kënnt zur Conclusioun, datt déi Tendenz an der Landwirtschaft onbedéngt misst gedréint ginn, fir datt d’Waasserqualitéit sech verbessert. Dofir wieren nei Mesuren néideg a bestoender misste méi strikt applizéiert ginn. Sou hat et och den Direkter vun der Waasserwirtschaft Jean-Paul Lickes schonn hei am 100,7-Interview am Abrëll erkläert. Aussoen, déi am Lëtzebuerger Bauer, der Zeitung vun der Bauerenzentral, fir vill Kritik gesuergt haten.
Feelend Kontrollen an Date ginn net viru gereescht
Mesurë wéi d’Schutzzone ronderëm d’Quelle géifen zwar gräifen, mee dacks géif et un den néidege Kontrolle feelen, oder landwirtschaftlech Donnéeë géifen net weider gereecht ginn. Donieft missten och onbedéngt déi Regioune besser virun Nitrateinträg geschützt ginn an deenen aktuell keng Schutzzone bestinn.
Méiglech Mesuren wiere manner Düngerasaz, méi grouss Distanzen tëscht gedüngte Felder a Gewässer, souwéi d’Ewechhale vum Véi aus Gewässer. Och d’Gréngbedeckung vun de Felder am Wanter wier e wichtege Facteur. Am Rapport gëtt donieft fir weider finanziell Ureizer plädéiert, fir datt d’Baueren un Programmer fir manner Nitratasaz deelhuelen.
Elo bleift ofzewaarden, wéi dëse Constat mat de Fuerderungen aus der Landwirtschaft iwwereneen ze bréngen ass: Déi kruten um Landwirtschaftsdësch méi Flexibilitéit a manner Ideologie versprach, zum Beispill wat d’Ausbrénge vu Piff ugeet. Den Ëmweltminister hat erkläert, hie wéilt ënner anerem dëse Rapport ofwaarde fir Conclusiounen ze zéien. Déi Gréng hunn allefalls emol gefrot, datt de Rapport an enger Jointe vun Ëmwelt- an Agrarkommissioun soll diskutéiert ginn. Dat soll elo och den 18. September geschéien.