Pro Joer dierften um Findel geschat iwwer 200.000 Leit mam neie System kontrolléiert ginn.
11.000 Leit scho kontrolléiert
Mam neie System kontrolléiert ginn déi Bierger:innen aus Drëttstaaten, déi fir ee kuerzen Openthalt an de Schengenraum reesen, esou d'Daniela Gregr vum Inneministère.
"E kuerze Seour, dat ass alles, wat ënner dräi Méint ass. Dat heescht, et sinn net betraff EU-Bierger, y compris Lëtzebuerger natierlech. An dann natierlech och Drëttstaatbierger, déi en Titre de séjour hunn oder e Laangzäitvisa, déi kommen dann och net an den EES-System, well si jo net an engem kuerze Sejour sinn."
Zënter dem 12. Oktober goufen um Findel schonn 11.000 Leit mam neie System enregistréiert.
"Dat heescht, de System leeft, e leeft och ganz gutt op EU-Niveau an och bei eis."
Um neie Kontrollsystem fir d'Baussegrenze vum Schengenraum gouf aacht Joer laang geschafft, an en hätt scho virun e puer Joer solle lancéiert ginn.
"D'Iddi vum Entry-Exit-System (EES) ass et eng Modernisatioun vun de Grenzen ze erreechen an domadder och eng besser Sécherheet vun der Grenz. Engersäits duerch Biometrie fir der Fraude à l'identité entgéintzewierken an anerersäits fir d'Durée de séjour autorisée méi prezis a méi séier ze moossen."
System soll hëllefe beim Kampf géint den Terrorismus
Ee weidere Grond fir d'Schafe vum neie System ass d'Ënnerstëtzung bei der Strofverfollgung a beim Kampf géint den Terrorismus.
"Autoritéiten, déi Terrorismus bekämpfen, hunn een Accès, wa se Enquêten en cours hunn. Mee dat ass éischter (...) een zweetrangegen Accès. Den Haaptobjektiv vum System ass wierklech éischter eng Gestioun vun der Baussegrenz."
D’Daten, déi fir den neie System gesammelt ginn, ginn zentral gespäichert, bei der Agence eu-LISA mat Sëtz zu Stroossbuerg.
"D'Donnéeë vum Pass ginn enregistréiert. Biometrie, dat sinn da Fangerofdréck, déi véier Fangere vun der rietser Hand an eng Foto. Dat ass da fir den EES opzemaachen, een Dossier opzemaachen, eng éischte Kéier, wann d'Persoun iwwer d'Grenz geet. An da bei der nächster Sortie oder Entrée gëtt dann einfach esou eng Fiche d'Entrée oder de Sortie ugespéngelt an d'Donnéeë ginn da just vum Grenzbeamten nach eng Kéier verifizéiert. Mee da muss keen EES-Dossier méi ugeluecht ginn."
Wéi grouss ass den Afloss op den alldeegleche Betrib?
Eng Fro, déi sech awer beim Lancement vun den neie Kontrollen op de Baussegrenze gestallt gouf, war déi vun eventuell méi laange Waardezäiten op de Grenzen, also och um Findel.
"Mir hunn am Moment ganz gutt Resultater, krute mir och vu LuxAirport bestätegt, déi dat ganz, ganz enk am Aen hunn. An à terme, wann effektiv scho vill Leit enregistréiert sinn, mat hire biomeetreschen Donnéeë wäerten d'Grenzkontrollen dann och domadder vill méi schnell iwwer d'Bün goen."
Fir de Lancement vum digitale Grenzkontrollsystem EES goufen um Fluchhafe Findel zéng sougenannt Kiosken installéiert, erkläert d'Daniela Gregr vum Inneministère.
"Dat sinn esou zéng Bornen, déi elo an der Extra-Schengen-Arrivée vum Flughafe stinn. An déi Borne sinn dofir do, fir datt d'Leit hir Donnéeën do preenregistréiere kënnen, éier si bei de Grenzbeamte ginn. Dat heescht, do gëtt de Pass ausgelies, eng éischte Kéier, si kënnen do och hir biomeetresch Donnéeën ofginn an e puer Froe beäntwerten iwwer hire Sejour."
Den Total vun de Käschte fir d'Ëmsetzung vum neie Grenzkontrollsystem zu Lëtzebuerg läit bei siwe Milliounen Euro, hat den Inneminister Léon Gloden (CSV) rezent an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro geschriwwen. 75 Prozent dovu goufe vun der Europäescher Unioun cofinanzéiert. Dat heescht de System kascht de Lëtzebuerger Staatsbudget 1,75 Milliounen Euro.