Mat dëser fréizäiteger Ukënnegung wéilt d’Fussballfederatioun dem Trainer, de Spiller, dem Personal an allen aneren Acteuren déi néideg Rou an Transparenz bidden, fir sech optimal op déi wichteg sportlech Erausfuerderunge virzebereeden, notamment d’Qualifikatioun fir d’FIFA-Weltmeeschterschaft, déi am September ufänkt, heescht et nach vun der FLF.
Zënter 2010 am Amt
Rezent goufen et vill Diskussioune ronderëm den Trainer Luc Holtz an d‘Decisioun, de wéinst Gewalt verurteelte Gerson Rodrigues spillen ze loossen.
Wien dem Luc Holtz säin Nofollger gëtt ass nach net bekannt.
De Luc Holtz ass zënter 2010 Trainer vun der Lëtzebuerger Nationalekipp. De fréiere Spiller vun Ettelbréck a Beggen hat am August vun deem Joer d'Nofolleg vum Guy Hellers iwwerholl.