Dogéint komme mam Mëttelfeldspiller Mirza Mustafic a mam Stiermer Adulai Djabi Embalo zwee Spiller dobäi. Dozou sot de Jeff Strasser am spéiden Donneschdegmoien zu Monnerech.
"Déi eng Persoun, de Mirza Mustafic, deen en offensive Mëttelfeldspiller ass, dee polyvalent asetzbar ass, deen eben elo an Indonesie spillt an do säit enger Zäitchen och vun eis verfollegt gëtt. An den Adulai ass e jonke Spiller, e grouss gewuessene Stiermer, deen d'Méiglechkeet huet, bei eis dobäi ze sinn."
Freideg aacht Deeg ass de Match géint Däitschland, an dräi Deeg drop dann d’Partie an Nordirland.