arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den HB Diddeleng setzt sech am Spëtzematch géint d'Red Boys Déifferdeng duerch

Handball

|
headphones

1 min

Den HB Diddeleng setzt sech am Spëtzematch géint d'Red Boys Déifferdeng duerch

Am Handball sinn déi éischt Véierelsfinalle vun der Coupe gespillt ginn. Bei den Dammen hu sech d’Favoritte Gréiwemaacher, Diddeleng an Déifferdeng fir de Final four vun Enn Abrëll an der Coque qualifizéiert. Am Spëtzematch vun den Häre konnt Diddeleng sech 32:27 géint Déifferdeng duerchsetzen.

headphones

1 min

Handball | © Marino Bobetic / Unsplash
Handball (Foto: Marino Bobetic / Unsplash)

D'Red Boys vun Déifferdeng an den HB Diddeleng sinn aktuell déi wuel stäerksten Ekippen am Championnat. Finalement konnte sech déi Diddelenger duerchsetzen. Dobäi hätt de Match, deen déi Diddelenger dee Moment am Grëff haten, an der zweeter Hallschent nach zu Gonschte vum Champion Red Boys Déifferdeng kippe kënnen, esou den Diddelenger Trainer Dusko Bilanovic.

“Die haben dann diesen Vorsprung von vier Toren, was wir haben gehabt, die haben das aufgeholt, aber wir sind cool geblieben. Wir wussten, was unsere Stärke ist. Dann kommen die Zeitstrafen, welche uns sehr viel Energie gekostet haben. Aber ich wusste: Wenn wir auf unserer Linie bleiben und wir an uns glauben, werden wir auch diese Phase überbrücken.Und das haben wir."

Nieft Diddeleng steet bei den Hären och Bierchem schonn an der Ronn vun de leschte Véier. Déi Bierchemer, déi d'lescht Joer d'Coupe gewonnen hunn, konnte sech mat 41:36 géint Käerjeng behaapten.