arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi geet et weider mam Projet Sportsmusée?

Sportsmusée

|
headphones

3 min

headphones

10 min

play_arrow

Wéi geet et weider mam Projet Sportsmusée?

Zënter dem Récktrëtt vum féieren CSV-Sportminister Georges Mischo ass et ongewëss wéi et mam geplangte Sportsmusée um Site "Rout Lëns" zu Esch weider geet. Déi néi CSV-Sportministesch Martine Hansen betount, datt de Projet Sportmusée am Koalitiounsaccord steet.

headphones

3 min

headphones

10 min

play_arrow
© European Union
(Foto: European Union)

De Projet läit fir d'éischt awer mol ob Äis. Et géif een elo eng Analys maache fir rauszefannen, ob eppes schif gelaf wier, esou déi néi Sportministesch. Si betount, datt bis elo awer weeder eppes gebaut nach kaaft gi wier:

“Mee wéi gesot, mir kucken op d'Prozeduren esou agehal gi sinn, wéi se hätte missten an elo analyséiere mer dat a wann dat dann erauskomm ass, da wësse mer och besser wéi mer kënne virufueren.”

De féieren Aarbechts- a Sportminister Georges Mischo war ënner anerem wéinst der Affär Sportsmusée zeréckgetrueden. De ronn 28 Milliounen Euro Projet um Site "Rout Lëns" zu Esch war net ëffentlech ausgeschriwwen ginn. Verschidde Klauselen am Protocole d‘accord tëschent dem Sportsministère an dem Promoteur IKO, dem och den Terrain op der "Rouder Lëns" gehéiert, dierfte problematesch gewiescht sinn.

Dat heescht: Bis e juristeschen Avis a puncto Sportsmusée virläit, geschitt an dësem Dossier näischt, wéi d’CSV-Politikerin Martine Hansen am 100,7 Interview bestätegt. Dësen Optrag wier extern vergi ginn, esou d’Martine Hansen op Nofro hin. 

Sports-Infrastrukturen 

Nieft dem Projet Sportmusée ginn et och nach eng Parti aner Baustellen am Sportsecteur zu Lëtzebuerg. Vill Sportsclibb hunn zum Beispill domat ze kämpfen, datt et u Sportshalen an Terraine feelt fir ze trainéieren.

Fir heigéint virzegoen, ënnersträicht d’Sportministesch Martine Hansen de Projet “Meng Gemeng leeft”, an deem d'Sportscoordinateuren an de Gemenge vum Sportministère co-finanzéiert ginn. Dëse Projet wéilt ee gäre weider ausbauen. 

Fir de Sport ze stäerken, misst een d'Veräiner an d'Federatioune stäerken, esou d’Martine Hansen. Si wëllt zesumme mat den Acteuren um Terrain COSL - dem Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois, a mam IPESS - der Initiative pour la promotion de l’emploi dans le secteur du sport - Léisunge fannen.

“Ech wëll gäre vun hinne wëssen, wou sinn hir Schwéierpunkten a wou menge si, datt bei eise Virschléi, déi bis elo um Dësch leien, missten Upassunge gemaach ginn. Et ass een éischte Kontakt an duerno musse mer dat reegelméisseg maachen, fir do virun ze kommen.”

Wat fir d'Veräiner besonnesch wichteg wier, wier d'Reform vum Subside-Programm: subside qualité+. D’Sportministesch ënnersträicht, datt dëst fir si ee vun de wichtegsten Toolen aus dëser Legislaturperiod wier, fir esouwuel d'Qualitéit wéi och d'Quantitéit vun der Sportoffer ze fërderen. 

Si hofft, datt dëse Projet de loi am Fréijoer an der Chamber zur Ofstëmmung kënnt.

Professionell Traineren a Personal

Iwwer de subside qualité+ plus solle Veräiner hir Sportsoffer verbessere kënnen andeems se eng finanziell Ënnerstëtzung fir professionell Traineren a Personal fir den administrative Kader kënnen astellen. A ville Sportveräiner ginn dës Aarbechten eleng vu Benevolle gestemmt.

Dës wéilt een entlaaschten, esou d’Martine Hansen.

“Well och d'administrativ Aarbechten an de Veräiner gëtt ëmmer méi. An dat wëlle mer definitiv ënnerstëtzen. A Professionaliséieren heescht u sech, datt et drëms geet, datt Benevollen a Professioneller Hand an Hand zesummeschaffen”

Der Martine Hansen hire Virgänger, de Georges Mischo, hat och proposéiert, datt Clibb sollen op d'Sportshale vun de Lycéeën zeréckgräife kënnen. An dësem Dossier wier nach net méi geschitt, esou d’CSV-Sportministesch. Op verschidde Plazen géif dat schonn applizéiert ginn.

Hei bräicht een natierlech och Personal, dat ausserhalb vun de Schoulstonnen an an de Schoulvakanzen d’Surveillance iwwerhëlt.

play_arrow Lauschteren