arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nationalen Aarmutsplang: CSL fënnt, datt Leit ouni Kanner ze kuerz kommen

AARMUTSPLANG

|
reading time

1 min

Nationalen Aarmutsplang: CSL fënnt, datt Leit ouni Kanner ze kuerz kommen

Am grousse Ganze begréisst d‘Chambre des Salariés d‘Reform vun de Familljeprestatiounen an den neie Complément de vie chère, déi am Kader vum nationalen Aarmutsplang agefouert goufen. Si kritiséiert awer, datt grad déi Leit, déi haaptsächlech sozial Hëllefen ufroen, géifen ze kuerz kommen.

reading time

1 min

Radio 100,7 | © Radio 100,7
Site vun der CSL (Foto: Radio 100,7)

D‘CSL begréisst, ënner anerem, datt déi automatesch Indexatioun vun de Familljeleeschtunge rëm agefouert gouf, fuerdert awer, datt dat och fir d‘Allocation de naissance a fir d’allocation spéciale supplémentaire misst gëllen. 

D‘CSL bedauert och, datt souguer mat der Augmentatioun vun deene Prestatiounen nach ëmmer vill Famillen net genuch hu fir an Dignitéit ze liewen, dat wier fir e Land wéi Lëtzebuerg, inacceptabel.

D‘Chambre des Salariés bedauert och, an hirem Avis, datt Leit, déi eleng liewen oder Koppelen ouni Kanner, praktesch guer net vun der Reform profitéieren. Dobäi géife grad déi Leit am Moment e groussen Deel vun deenen ausmaachen, déi sozial Hëllefen ufroen.