Lëtzebuerg wier der Associatioun no nämlech net verschount.
Der Associatioun La Voix des survivant(e)s no géif hei am Land all aacht Deeg e Viol sur mineur gemellt ginn. Vun den 220 Plainten, déi tëschent 2019 an 2023 deposéiert gi sinn, wiere 27 Prozent ouni Suitte klasséiert ginn.
Prozeduren ze laang an ze vill Fäll géif klasséiert
Och wann et aner Urgencë ginn, misst de Premier sech ëm dëse Sujet këmmeren. Et misst d‘urgence eppes geschéien.
Fir d‘Associatioun sinn d‘Prozeduren ze laang, ze vill Fäll géife klasséiert ginn, an et misst och méi géint Inzest a Famille gemaach ginn.
La Voix des survivant(e)s fuerdert ënner anerem e spezialiséiert Geriicht a méi Personal.
D‘Associatioun huet 57 Proposen ausgeschafft fir d‘Lutte géint sexuell, physesch a psychologesch Gewalt.