arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng konkreet Pläng fir eng fix Summeraktioun, Struktur um Findel bleift Noutléisung

Hëtztwell

|
reading time

2 min

Keng konkreet Pläng fir eng fix Summeraktioun, Struktur um Findel bleift Noutléisung

Warscheinlech ass d'Hëtzt Schold um Doud vun engem Mënsch ouni festen Daach iwwer dem Kapp de leschte Weekend am Garer Quartier an der Stad. Definitiv gewosst ass dat nach net, well d'Resultat vun der Autopsie nach net virläit.

reading time

2 min

Symbolfoto | ©  EPA/MICHAEL CURRIE
Symbolfoto (Foto: EPA/MICHAEL CURRIE)

De Familljeminister Max Hahn wollt sech net zu dem konkreete Fall äusseren. Zu der Situatioun vu Mënschen ouni festen Daach iwwer dem Kapp wärend der aktueller Hëtztwell sot hien am 100,7-Interview, d'Street-Workere géife wéineg Leit baussen op de Stroosse begéinen. 

"Déi Leit wësse sech ze hëllefen, wann d'Temperaturen esou héich sinn, andeems si natierlech Schiet opsiche ginn."

Keng konkreet Pläng fir Summeraktioun

D'Hëllefsoffer fir déi concernéiert Leit wier iwwerdeems ausgebaut ginn, esou de Max Hahn. Beispillsweis gouf um Findel eng Noutstruktur opgemaach, wou d'Leit sech daagsiwwer duschen, hydratéieren a raschte kënnen. Doraus eng Summeraktioun maachen, nom Virbild vun der Wanteraktioun, schéngt nach net ugeduecht ze sinn. Just an Extreemfäll soll dorop zeréckgegraff ginn. 

"Wann dat iwwer déi nächst Méint oder Joren nach méi oft sollt opkommen, ass dat sécherlech eppes, op dat mir dann och an Zukunft wäerten an esou Situatiounen zeréckgräifen." 

D'Situatioun an de Flüchtlingsstrukture wier iwwerdeems esou schlëmm, wéi fir déi aner Leit och, mengt de Max Hahn. 

"Do geet et drëm iwwer den Encadrement dofir ze suergen, datt et de Leit gutt geet. Wann et hinnen eng Kéier net méi gutt sollt sinn, fir dann och Hëllef ze ruffen a fir d'Leit do ze sinn. Dat ass den Ënnerscheed zu de Sans-abrien." 

Déi kéinte sech net direkt Hëllef ruffen, esou de Max Hahn.