Am Schreiwes üübt de franséische Justizminister Kritik, datt d'Enquêtë Jore laang op Äis leien oder komplett vergiess ginn. Hie reprochéiert, datt et net genuch Mëttel gi fir sämtlech Enquêten unzegoen.
Enquêteuren hätten iwwerdeems net ëmmer déi néideg Qualifikatioune fir dësen Job. Fir just e puer Defaillancen aus dem Bréif ze nennen.
"Le Monde" huet de Bréif publizéiert
De fréieren Inneminister Gérald Darmanin, deen elo Justizminister ass, hat dës Wierder Enn Juli u säin Nofollger am Inneministère, de Laurent Nunez, geschéckt.
D’Policegewerkschafte werfen dem Gérald Darmanin wéinst dësem Bréif elo Hypokrisie a Verrot vir. D'Dokument war de Weekend vun der franséischer Zeitung "Le Monde" publizéiert ginn.
Gérald Darmanin wier als fréieren Inneminister mat schëlleg
Et géifen zwar Problemer ginn, heescht et an engem Communiqué, mee dorunner wier den Darmanin als fréieren Inneminister och selwer Schold. Och de Spriecher vun der Gewerkschaft vun de Policekommissären, de Frédéric Lauze, koum gëschter Owend op BFMTV zu engem änleche Fazit.
Et hätt een dem Darmanin a senger Zäit als Inneminister ëmmer nees un d’Häerz geluecht, d’Prozedure bei den Enquêten ze vereinfachen a méi Mëttel zur Verfügung ze stellen, esou de Gewerkschaftsspriecher Lauze.
Den Darmanin selwer huet sech och zu Wuert gemellt. Hie wéisst, wéi schwéier dës Aarbecht wier. Hien hätt a senger Zäit als Inneminister immens vill fir d’Police gemaach.
Mordfall Lyhanna
De 4. Juni war dat 11 Joer alt Meedchen dout an engem verloossene Silo fonnt ginn. De presuméierten Täter, den 41 Joer ale Jérôme Barella, ass de 15. Juli festgeholl ginn.
Eng ganz Partie Plaintë wéinst "Infractions à caractère sexuel" waren an de Méint a Joer virun senger vermeidlecher Dot scho bei der Police agaangen. Dat Ganzt huet sech zu Fleurance (Gers) am Südweste vu Frankräich ofgespillt.
De franséische Justizminister hat nom Mordfall Lyhanna annoncéiert ze préiwen, firwat et bei Fäll vu Gewalt géint Mannerjäreger dacks esou vill Retard bei den Enquêtë gëtt.