De Max Delvaux, Offizéier beim GCDIS a fräiwëllege Pompjee, war ënner de Lëtzebuerger, déi mat a Südfrankräich waren.
D'Feier huet ënnerierdesch gebrannt
Wéi si viru knapps enger Woch ukoumen, wieren d’Bëschbränn scho “fixéiert” gewiescht, esou deen 30 Joer ale Pompjee. Dat heescht, d’Flamen hätte sech deen Ament net méi weider ausgebreet.
"Trotzdeem hate mir ëmmer erëm Reprises de feuxen, notamment den zweeten Dag, mat awer erëm véier bis fënnef Meter héije Flamen, déi do kuerz opgestane sinn."
D’Haaptaufgab vun der Unitéit wier et awer gewiescht, sougenannte Fumarolen ze läschen, esou de Jerome Glesener, Beruffspompjee, deen och mat zu Le Porge war.
"D'Spezifizitéit do ass dee mat Sandtorf gemëschte Buedem. Dat heescht d'Feier brennt ënnerierdesch weider."
Plazeweis hätte verbrannte Bamstämm um Buedem nach iwwer 600 Grad Celsius gehat, ergänzt de Max Delvaux.
"Do hues de duerch d'Bottinnen effektiv d'Hëtzt gemierkt. Do konns de net fënnef Minutten op enger Plaz stoe bleiwen. Dat war net machbar."
"Leit, déi eis getut, geblénkt, geklappt hunn"
De Pompjee huet déi grouss Solidaritéit vun den Awunner:inne sur Place ënnerstrach.
"D'Solidaritéit, dat ass eppes, dat hunn ech esou nach ni erlieft. Dat ass impressionnant. Mat Dankbarkeet huet et schonn op der Autobunn ugefaangen. Am Fong Leit, déi eis getut hunn, geblénkt hunn, geklappt hunn, wéi mir laanschtgefuer sinn. Dat huet ee beréiert."
Leit op der Plaz hunn deelweis alles verluer
Och d'Leit, déi direkt vun de Bränn affektéiert sinn, hätten ee mat oppenen Äerm empfaangen, esou de Max Delvaux.
"Do waren effektiv d'Leit, déi haten alles verluer. Déi haten näischt méi. Hir Haiser ware komplett fort an déi stoungen Dag an Nuecht do, fir eis ze kachen. Kinéen, déi dat fräiwëlleg gemaach hunn. Osteopathen, déi fräiwëlleg do ware fir d'Pompjeeën."
D‘Pompjeeë ware viru gutt enger Woch an d’Duerf Le Porge gefuer, fir déi lokal Autoritéiten ze ënnerstëtzen. Dat zesumme mat enger Unitéit vu franséische Pompjeeën aus dem Departement Moselle.
Déi ganz Regioun lieft virop vum Tourismus an der Forstwirtschaft.