arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gi Bëschbränn deels express geluecht fir Online-Wetten ze gewannen?

Wirtschaft

|
reading time

3 min

Gi Bëschbränn deels express geluecht fir Online-Wetten ze gewannen?

Op Online-Boursen ewéi Polymarket kann een op quasi alles wetten: Wie wäert den Donald Trump a senger nächster Ried beleidegen? Hällt d’Wafferou tëschent den USA an dem Iran oder wien gewënnt d’WM 2030? De Wettbüro steet elo am Verdacht mat Schold un de Bëschbränn a Frankräich ze sinn.

reading time

3 min

Polymarket  | © picture alliance / NurPhoto | Samuel Boivin
Polymarket (Foto: picture alliance / NurPhoto | Samuel Boivin)

D’Bëschbränn an der Gironde sinn zënter gutt enger Woch ënnert Kontroll. D’Autoritéite ginn dovunner aus, datt iwwer 42.000 Hektar Land verbrannt sinn.

Polymarket steet elo am Verdacht Ureizer, fir Bëschféieren a Frankräich, geschaf ze hunn. Mat aus deem Grond, wier den Accèes op de Site Mëtt Juli a Frankräich gespaart ginn. Dat melle verschidden international Medien, dorënner de US- Sender CNN an déi éisträichesch Dageszeitung der Standard.

Naturkatastrophe ginn héich gehandelt 

CNN schreift, datt anescht wéi bei Wette wéini een Hurrikan u Land trëfft oder wéi vill Schnéi wäert falen, de Mënsch een direkten Afloss op Bëschbränn kann hunn. Gefaart gëtt, datt Leit express Feier leeën oder Läschaarbechte behënneren, well se drop gewett hu wéi vill Hektar verbrenne wäerten.

Dës war och scho bei de Bëschbränn zu Los Angeles am Bundesstaat Kalifornien de Fall. Am Januar 2025 war hei ënnert anerem gewett ginn, wéini d’Flamen déi éischt Haiser erreechen oder wéi laang et nach dauert bis d’Pompjeeën der Situatioun nees Meeschter sinn.

© EPA/SDIS33/BENOIT VEGA
(Foto: EPA/SDIS33/BENOIT VEGA)

Wéi fonctionéieren esou Plattformen?

Esou Plattformen ewéi Polymarket sinn dezentraliséiert Wettbüroen (marché de prédiction). De System fonctionéiert follgendermoossen:Leit setze Suen op A oder B  - de Pronostic gëtt a Prozenter ugewisen. Dat heescht et gesäit een, wéi vill Leit mengen, datt Zeenario Een oder Zwee antreffe wäert.

Ëmsou méi geréng een Zeenario vum Maart ageschat gëtt, ëm esou méi héich de Risiko, mee dofir och de Gewënn.

Meteo France gouf Affer vun enger Attack

Dobäi besteet de Risiko, datt Leit hirem Gléck selwer wëllen ob d‘Spréng hëllefen. Am Abrëll huet Météo-France eng Plainte deposéiert. Dat well de Verdacht besteet, datt eng vun hire Wieder-Sonden, am Zesummenhang mat Wetten op Polymarket manipuléiert ginn ass.

De 16. Juli huet de President vun der franséischer Autorité nationale des Jeux (ANJ) annoncéiert, datt hien den zoustännegen Autoritéiten ordonéiert huet, den Accès op de Site komplett ze spären.

“En effet, ce site, aux audiences particulièrement élevées, fait la promotion d’une offre illégale de jeux d’argent et de hasard.”

Transaktioune sinn a Frankräich schonn zënter 2024 verbueden

A Frankräich waren Transaktiounen iwwer polymarket.com, via geoblocking schonn zënter November 2024 net méi erlaabt. Dës Mesure wier awer liicht ze contournéiere gewiescht, dat ënnert anerem via VPN, wéi d’ANJ schreift.

An enger Partie Länner ass den Zougang zu Polymarket scho limitéiert oder blockéiert, wéi op der Plattform selwer nozeliesen ass. Lëtzebuerg gehéiert net dozou. Hei am Land huet een domat Accès op de Site.

Zu New York muss eng aner Prediktiouns-Plattform (Kalshi) sech iwwerdeems wéinst illegalen Online-Wette viru Geriicht veräntwerten. Dat hat déi franséisch Presseagence gemellt.