D‘Gewerkschaft vum Gemengepersonal schwätzt vun Drock op d‘Mataarbechter:innen, Aarbechtsbelaaschtung, Personalmangel, doutéis Disziplinarmesuren a juristesch bedenklecht Verhalen.
Alles dat wiere keng Eenzelfäll beim TICE, mee e Muster, dat ëmmer erëm kéim. An och d‘Personalvertrieder géife systematesch geschwächt ginn.
Viru Méint scho wier d‘Direktioun an de Ministère doriwwer informéiert ginn, mee et géif keng Reaktioun kommen.
Déi betraffe Mataarbechter:innen géifen sech am Stach gelooss fillen a wieren irritéiert, vill och resignéiert.