De Gesetzesprojet wier op ville Punkten onkloer an net prezis genuch, sou den Avis vun der CCDH. Et hätt een de Gesetzesprojet op véier Basiskrittären hinn ënnersicht, nämlech d‘Kloerheet vum Text, dat legitimt Zil dat soll erreecht ginn, d‘Noutwendegkeet vum Gesetz an d‘Verhältnesméissegkeet.
Keng vun deene Konditioune wier awer wierklech erfëllt, sou d‘Presidentin vun der CCDH Noémie Sadler. De Gesetzprojet géif keng Problemer léisen, mee e wier onprezis an e géif fir Rechtsonsécherheet suergen, e wier net proportionell an net gerechtfäerdegt.
"Fir eis ass dee Gesetzesprojet elo esou, net am Aklang mat de Mënscherechter a misst ganz kloer iwwerschafft ginn."
Disproportionnéiert par rapport zum Recht op fräi Beweegung
D'Mënscherechtstommissioun huet donieft Bedenken, datt systematesch op repressiv Mesurë géif zréck gegraff gi fir den ordre public ze garantéieren. Et wier och alles anescht wéi sécher, datt dës Mesuren effikass wieren. Vläicht wiere manner radikal Methode wéi d’Ewechschécken op ee Kilometer Distanz fir 48 Stonne besser. Déi grouss Muecht déi Police a virun allem Buergermeeschter elo kréien déi Leit fir 30 Deeg kënne vun enger Plaz ewech hale wieren och disproportionéiert par rapport zum Recht op fräi Beweegung an dem Erhale vum ordre public.
"D'CCDH bedauert de ganz breede Pouvoir vun de Gemengen an dësem Beräich, zumools vun der Police administrative, wou och nach ee Risiko besteet vun enger subjektiver Interpretatioun an domadder och vun arbiträren Decisiounen."
Dofir géif sech och d'Fro stellen, wisou dee Pouvoir net der Police oder der Justice uvertraut ginn ass.
Vermësst ginn och reell Rekursméiglechkeeten déi hei net gi wieren. D'CCDH verlaangt dofir, datt d’CSV-DP-Koalitioun de Gesetzesprojet iwwert de Plazverweis op dëse Punkten nach eemol iwwerschafft.