D’Verhandlungen hu sech an de leschte Méint schwiereg gestallt: No der Parlamentswal am September ware Gespréicher tëscht der ÖVP, SPÖ an den Neos gescheitert, genee wéi méi spéit Verhandlungen tëschent der ÖVP an der rietsnationaler FPÖ.
arrow_back_ios
search
search
/ Méiglech Regierungsformatioun an Éisträich geet weider
ÖVP, SPÖ an Neos
Méiglech Regierungsformatioun an Éisträich geet weider
An Éisträich beroden déi konservativ ÖVP, d’sozialdemokratesch SPÖ an déi liberal Neos haut um Samschdeg weider iwwer eng méiglech Regierungsformatioun. D’Parteien hunn no neie Gespréicher zu Wien ugekënnegt, de Bundespresident Alexander Van der Bellen bis de Mëtteg iwwer de Progrès ze informéieren. Deen hat rezent méi Kompromëssbereetschaft gefuerdert.
auto_stories
1 min

Éisträich (Foto: picture alliance / Maximilian Koch | Maximilian Koch)